Neie Rekord: 5. Pole fir den Hamilton zu Spa-Francorchamps

© AFP
An enger spannender Qualifikatioun am Reen huet de Lewis Hamilton sech virum Sebastian Vettel an dem Esteban Ocon duerchgesat.
Um Samschden ass zu Spa-Francorchamps an der Belsch d'Qualifikatioun gefuer ginn. Hei huet et am Q3 staark ugefaange mat reenen. An dëse schwierege Konditiounen huet de Lewis Hamilton op Mercedes sech d'Pole Positioun geséchert. Et ass seng 5. Pole Positioun op dëser Streck, wat een neie Rekord ass. Op déi 2. Plaz kënnt de Sebastian Vettel op Ferrari virum Esteban Ocon op Force India. Aus der zweeter Rei start och nach de Sergio Perez um zweete Force India.
Kee gudden Dag war et e Samschdeg fir déi zwee Red-Bull-Piloten Max Verstappen an Daniel Ricciardo. Si sinn net gutt mam Reen eens ginn a musse sech um Enn mat der 7. an 8. Plaz zefridde ginn. De Valtteri Bottas um zweete Mercedes ass souguer nëmmen den 10. ginn. Hien ass am Q3 keng Zäit erausgefuer.
De Grousse Präis vun der Belsch zu Spa-Francorchamps gëtt e Sonnden um 15.10 Auer gefuer.