De Sebastian Vettel gewënnt an der Belsch souverän virum Lewis Hamilton an dem Max Verstappen. Den Hamilton behält iwwerdeems d'Féierung an der WM.

Um Sonndeg gouf zu Spa-Francorchamps de Groussen Präis vun der Belsch gefuer. Um Circuit vu Spa-Francorchamps war de Sebastian Vettel op Ferrari dee Séiersten. Op déi 2. an 3. Plaz koumen de Lewis Hamilton op Mercedes an de Max Verstappen op Red Bull.

Direkt beim Depart gouf et ee spektakulären Accident esou dass de Safety Car schonn an der éischter Ronn huet missen agesat ginn. De Sebastian Vettel huet Geleeënheet am Chaos vum éischten Tour genotzt, fir sech direkt un d'Spëtzt ze sëtzen.  Fir säin Teamkolleg bei Ferrari ass et manner gutt gelaf. Nodeem de Kimi Räikkönen zweemol an der Box war, huet hien an der 9. Ronn missen aus dem Auto klammen, well säin DRS futti war.

Am weidere Verlaf huet de Vettel op Ferrari säi Virsprong op gutt 9 Sekonne kënnen ausbauen a gewënnt d'Course um Enn souverän. Den Hamilton op Mercedes konnt deem näischt entgéint setzen an huet sech mat der 2. Plaz missen zefridde ginn. Nom enttäuschende Qualifying vun de Red-Bull-Pilote konnt de Verstappen sech déi 3. Plaz um Podium sécheren.

De Valteri Bottas huet iwwerdeems eng immens gutt Course gemaach. Nodeems de Mercedes-Pilot am Qualifying um Samschdeg wéinst technesche Problemer net méi op d'Piste gefuer war, huet hien um Sonndeg wéinst engem Motorwiessel vun der leschter Plaz aus an d'Course misse goen. Hie konnt sech um Enn bis op déi 4. Plaz no vir schaffen a séchert sech iwwerdeems de Streckerekord.

An der WM-Wertung ännert sech iwwerdeems näischt. Hei bleift de Lewis Hamilton mat 17 Punkte Virsprong un der Spëtzt virum Sebastian Vettel.

RTL

© ATP

De Premier Xavier Bettel war dann och beim Dylan Pereira, deen jo kee gudde Weekend hat. Am Porsche Supercup huet de Lëtzebuerger scho fréi mussen opginn, well d'Kupplung vu sengem Porsche GT3 de Geescht opginn huet.