Hamilton wënnt virum Räikkönen, Vettel ouni Gléck

© afp
Duerch dës Victoire baut den Hamilton seng Avance op de Vettel, deen de 4. zu Monza ginn ass, op 30 Punkten aus.
Um Sonndeg stoung an der Formel 1 de Grousse Präis vun Italien zu Monza um Programm. De Kimi Räikkönen op Ferrari ass vun der Pole Position an d'Course gaangen, dat viru sengem Partner bei Ferrari, dem Sebastian Vettel, an dem Lewis Hamilton op Mercedes.
De Kimi Räikkönen louch de gréissten Deel vun der Course a Féierung, mee hie gouf kuerz viru Schluss nach vum Hamilton agefaangen. De Brit gewënnt um Enn. Déi drëtte Plaz ass fir de Valtteri Bottas.
Resumé vun der Course:
Nom Start koum et direkt an der éischter Ronn zu enger Beréierung tëscht dem Lewis Hamilton an dem Sebastian Vettel, woubäi den Däitschen an d'Box huet misse fueren, fir no sengem Gefier kucken ze loossen.
Och hannen am Feld gouf et eng Kollisioun, bei där de Brendon Hartley säin Auto huet misse stoe loossen an ausgefall ass. De Safety-Car huet doduerch missen op d'Streck kommen.
An der 4. Ronn war d'Course du erëm fräiginn, an den Hamilton, deen duerch d'Kollisioun mam Vettel eng Plaz gewonnen hat, huet de Räikkönen direkt attackéiert, mee dem Finn ass et gelongen, sech d'Spëtzepositioun zréck ze erkämpfen. No 5 vun insgesamt 53 Ronne louch de Räikkönen virum Hamilton an dem Verstappen. De Vettel war bis op déi 16. Plaz zréckgefall.
De Fernando Alonso huet no 10 Ronnen säi McLaren missen an der Box ofstellen, ouni dass en an eng Kollisioun verwéckelt war.
Nodeems de Räikkönen no 20 Ronnen an d'Box gefuer ass, fir sech nei Pneuen ofzehuelen, war de Brit Lewis Hamilton un der Spëtzt vun der Course.
Wärend de Vettel sech bis op déi 5. Positioun no vir gekämpft hat, ass den Daniel Ricciardo mat sengem Red Bull an der 24. Ronn mat engem Motorschued ausgefall.
8 Ronnen nom Räikkönen koum dunn och den Hamilton un d'Box. Duerch dee spéide Stopp ass de Brit op 7 Sekonnen hannert de Räikkönen zréckgefall.
Nodeems de Bottas, deen d'Course ugefouert hat, an der 36. Ronn an d'Box gefuer ass, koum et un der Spëtzt zum Duell tëscht dem Räikkönen an dem Hamilton, déi knapp 2 Sekonne vunenee louchen.
No enger Beréierung tëscht dem Bottas an dem Verstappen krut den Hollänner vun Red Bull eng 5-Sekonne-Strof.
An der 45. Ronn koum et dunn zur Attack vum Hamilton, deem et och gelongen ass, laanscht de Räikkönen ze zéien.
De Brit huet sech duerno net méi afänke gelooss a gewënnt um Enn virum Räikkönen. De Verstappen, deen als Drëtten iwwert d'Arrivée gefuer ass, gëtt wéinst senger Zäitstrof awer nëmmen de 5.
Déi drëtt Plaz geet um Enn un de Bottas, de Vettel fiert als 4. iwwert d'Ligne.
No dëser Victoire baut den Hamilton seng Féierung am General op elo 30 Punkten op de Vettel aus.