Weider Pole fir de Lewis Hamilton

© AFP
E Samschdeg gouf um Circuit vum Interlagos a Brasilien den zweetleschte Qualifying vum Joer gefuer.
Och wann d’Weltmeeschterkroun fir d’Saison 2018 schonn un de Lewis Hamilton verginn ass, bleift et spannend an der Formel 1. Et geet nämlech nach ëm de Konstrukteur-Titel an ëm d’Plaz hannert dem Lewis Hamilton. Den Ament steet dem Hamilton säi Rennstall vu Mercedes ganz uewen, dat wëll d’Scuderia Ferrari awer nach änneren. Et ass also um Kimi Räikkönen an um Sebastian Vettel, fir dat Onméiglecht awer nach méiglech ze maachen an de Virsprong vu 55 Punkten op d’Sëlwer Feilen nach anzehuelen.
Am Qualifying hu sech dann och déi 4 Piloten eng enk Course geliwwert. Um Enn konnt sech Lewis Hamilton d'Pole Position sécheren. De Mercedes-Pilot huet sech virum Sebastian Vettel op Ferrari behaapt. Aus der zweeter Rei starten de Valtteri Bottas op Mercedes an de Kimi Räikkönen um zweete Ferrari.
De Grousse Präis vu Brasilien gëtt e Sonndeg den Owend um 18.10 Auer eiser Zäit gestart.