Um Donneschdeg gouf et offizialiséiert: De Robert Kubica (33 Joer) gëtt Stammpilot bei Williams fir d'Saison 2019.

Hie gëtt Teamkolleg vum Britt George Russell.

Déi offiziell Bestätegung koum um Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz, am Kader vum Grand-Prix vun Abu Dhabi, dëst nodeems e Mëttwoch scho verschidde Medien de spektakuläre Comeback ugekënnegt haten.

De Robert Kubica hat 2011 e schroen Accident am Rallye an huet dowéinst mussen eng laang Paus aleeën. E gouf uerg un der Hand blesséiert, wouduerch en net méi déi komplett Kontroll iwwert seng Hand huet.

En ass duerno awer an diversen Disziplinnen ugetrueden, all Kéiers mat engem speziell ugepasste Cockpit.

RTL

Schonn zejoert sollt de Kubica eventuell fir Williams nees an der Formel 1 fueren. D'Team hat sech awer fir de Sergei Sirotkin entscheet a fir de Kubica ass d'Roll vum Test- a Simulatorfuerer iwwreg bliwwen. E souz 5 mol op Testdeeg am Cockpit an 2 mol am fräien Training. Dobäi konnt hien déi Verantwortlech bei Williams dovun iwwerzeegen, dass hien nach ëmmer séier ass. Och de Faite, dass hie Sponsore matbréngt, dierft dozou gefouert hunn, dass hien 2019 nees eng fest Plaz als Formel-1-Pilot kritt.

RTL