Als Zweete geet den zweete Mercedes mam Valtteri Bottas an d'Course. Aus der zweeter Rei starten d'Ferrari-Pilote Sebastian Vettel a Kimi Räikkönen.

Virun der leschter Course vun der Saison an Abu Dhabi steet souwuel de Champion, Lewis Hamilton, wéi och de Gewënner vun der Konstrukteur-Wäertung, Mercedes, scho fest. Trotzdeem geet et fir d'Toppfuerer dorëms, hier Saison mat engem positive Resultat ofzeschléissen.

Beim Qualifying um Samschdeg konnt sech de Weltmeeschter Lewis Hamilton op Mercedes duerchsetzen.  Niewent him wäert um Sonndeg de Valtteri Bottas an d'Course goen. Hien hat beim Qualifying ee Réckstand vun 162 Honnertstel op de Brit.

Drëtte gouf de Sebastian Vettel, dëst mat engem Réckstand vun 0.331 Sekonnen op de Weltmeeschter.

De Grousse Präis vun Abu Dhabi gëtt um Sonndeg ëm 14:10 Auer eiser Zäit gefuer.