No iwwer 30 Joer ass Alfa Romeo an der Startlëscht vun der Formel 1 zeréck a verdrängt den traditiounsräiche Numm Sauber.

Den italieneschen Automobilproduzent iwwerhëlt weider Rechter bei der Schwäizer Ecurie. Vum Optakt vun der neier Saison un, de Grousse Präis vun Australien zu Melbourne de 17. Mäerz, geet d'Ekipp offiziell mam Numm Alfa Romeo Racing an d'Course.

Zanter 2018 engagéiert sech Alfa als Technik-Partner an Titelsponsor bei der Ekipp vun Hinwil.