Pole fir de Charles Leclerc beim GP vu Bahrain

© afp
E Samschdeg war mam Grousse Präis vu Bahrain deen 2. Qualifying vun der neier Saison. Ferrari konnt eng Duebel-Victoire feieren.
Zwou Wochen nom GP vu Melbourne hu beim GP vu Bahrain aner Konditiounen op d’Rennfuerer gewaart. Op dem 5,41 Kilometer laangem Bahrain International Circuit haten d’Ecurieën nämlech mat der Hëtzt, der Sonn, vill Stëbs a virun allem mat dem raue Belag ze kämpfen.
Am beschte mat all dëse Konditiounen ass d’Team vu Ferrari eens ginn. Déi 1. Pole Position a senger Carrière konnt sech nämlech de Charles Leclerc op Ferrari sécheren. Do hannendrun start e Sonndeg beim GP säin Equipier Sebastien Vettel vu Plaz 2. Aus der zweeter Rei ginn e Sonndeg de Lewis Hamilton an de Valtteri Botta op Mercedes an d’Course.
Iwwerdeems konnt de Gewënner vum Qualifying Charles Leclerc mat engem Chrono vun 1 Minutt 27 Sekonnen an 866 Honnertstel een neie Streckerekord opsetzen.