Lewis Hamilton mat 1. Victoire an der neier Saison

© afp
E Sonndeg konnt sech den Titelverdeedeger Lewis Hamilton am GP vu Bahrain virum Valtteri Bottas a Charles Leclerc behaapten.
No enger Topleeschtung an der 1. Pole Position vum Charles Leclerc beim Qualifying e Samschdeg huet e Sonndeg bei der Course vum GP vu Bahrain dierfen op dem jonke Monegass seng Leeschtung gespaant sinn. Ma och säim Team-Kolleg de Sebastian Vettel hat sech Chancen op d’Victoire ausgerechent an d’Mercedessen hunn an der 2. Rei och gelauert a ware fir Attacke bereet.
Um Enn war et awer de Lewis Hamilton op Mercedes, dee sech seng 74. Victoire a senger Carrière séchere konnt. Do hannendrun koum e Sonndeg beim GP säin Teamkolleg Valtteri Bottas op déi 2. Plaz. Op déi 3. Positioun ass iwwerdeems mat vill Pech de Charles Leclers op Ferrari gelant, deen an der Schlussphas technesch Problemer mat sengem Gefier hat.
Fulminant war allerdéngs de Start. De Sebastian Vettel konnt nämlech direkt laanscht de Charles Leclerc fueren an och de Lewis Hamilton war laanscht de jonke Rennfuerer komm. Ma e puer Ronne méi spéit huet de Leclerc awer geäntwert a säin Team-Kolleg Vettel stoe gelooss.
Och wann de Leclerc vir an der Course ee Kësse vun iwwer 10 Sekonnen op de Lewis Hamilton erausfuere konnt, war et do hannen drun awer nach ëmmer spannend. No engem Dréier huet de Vettel sech missen eng nei Nues fir säi Rennbolid siche goen, dat huet de Heppenheimer natierlech zeréckgeworf.
D'Schlussphas war fir de Charles Leclerc du ganz batter. Wéi et schenkt, hat de Monegass Problemer mat senger Batterie am Auto an ass dofir vu Ronn zu Ronn méi lues ginn. Dovu konnt de Lewis Hamilton profitéieren an déi decisiv Attack lancéieren.
Um Enn koum deemno eng 1. Victoire dës Saison fir den Titelverdeedeger Lewis Hamilton eraus.