Duerch d'Victoire am Grand-Prix vun Aserbaidschan konnt Mercedes déi véiert Duebel-Victoire noenee feieren.

Bei der 4. Course vun der Saison 2019 an der Formel 1 zu Baku am Aserbaidschan war et de Valtteri Bottas, dee vun der Pole Position an d'Course gaange war, dëst virum zweete Mercedes-Pilot Lewis Hamilton. De Sebastian Vettel war vun der 3. Positioun an d'Course gaangen.

Dem Finn Vallteri Bottas sollt et um Sonndeg och geléngen, seng Féierung nom Start ze behalen. Vun den éischte Véier war et just de Max Verstappen, dee seng 4. Positioun vum Start net behale konnt, dëst well de Perez hien iwwerhuele konnt.

No den éischte 5 Ronne konnt een ewell erkennen, dass de Vettel et schwéier kréie géif, fir mam Bottas an Hamilton matzehalen. Den Däitsche war du scho ronn 6 Sekonnen hannert de Mercedes-Piloten.

Nodeems souwuel de Bottas an den Hamilton, ewéi och de Verstappen an de Vettel hiren éischte Stopp ageluecht haten, war et de Charles Leclerc, deen d'Feld no 14 Ronnen uféiere konnt.

De Leclerc konnt sech um Enn och iwwer séierst Ronn - inklusive Extrapunkt - freeën, trotzdeem ass et fir hie just fir Plaz 5 duergaangen.

Wéi de Leclerc vir war, koum et op d'Boxestrategie un: De Leclerc war vir, ma no an no ass seng Avance op de Bottas geschmolt. Hannert him den Hamilton an de Vettel. Allkéiers e puer Sekonnen Intervall.

Et war laang Ronnen e richtege Fight mat engem Ferrari op 1 a 4 an dertëscht den zwee Mercedes. Stänneg sinn nei séiert Ronne gefuer ginn.

An der 31. Ronn huet de Bottas de Leclerc iwwerholl, zwou Ronne méi spéit dunn och den Hamilton. An dunn huet de Leclerc och nach dem Vettel musse Plaz maachen an duerf an d'Box. Als 5. koum en hannescht op d'Pist, de Verstappen war nach laanschtgewutscht.

Un deem Ranking huet sech bis zum Schluss näischt méi geännert, och wann nach eng Safety-car-Phas dertëscht koum.

D'Top Ten

1. Valtteri Bottas (Mercedes)
2. Lewis Hamilton (Mercedes)
3. Sebastian Vettel (Ferrari)
4. Max Verstappen (Red Bull)
5. Charles Leclerc (Ferrari)
6. Sergio Perez (Force India)
7. Carlos Sainz (McLaren)
8. Lando Norris (McLaren)
9. Lance Stroll (Force India)
10. Kimi Räikkönen (Alfa)

Am General huet de Bottas no senger zweeter Victoire elo 87 Punkten an 1 Punkt Virsprong op den Hamilton. Op Plaz 3 de Vettel mat 52 Punkten.

D'Duebel-Victoire zu Baku am 4. GP vun der Saison war ewell déi véiert Duebel-Victoire noeneen, wat et bis elo eréischt eemol an der F1-Geschicht bei engem Start an eng nei saison gouf (1992 fir Williams mam Nigel Mansell a Riccardo Patrese).

Deen nächste GP gëtt den 12. Mee zu Barcelona gefuer.