2020 kënnt d'Formel 1 zeréck an Holland, méi genee op Zandvoort

Wochelaang gouf spekuléiert, elo ass et decidéiert: D'Formel 1 kënnt no 35 Joer Paus zeréck op de Circuit zu Zandvoort un de hollännescher Küst.
D'Formel1-Management an de Bedreiwer vum Circuit zu Zandvoort hu méintelaang verhandelt a sech elo gëeenegt. Dat gouf en Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz matgedeelt.
Domat kritt de Max Verstappen dann och elo eng Heem-Course. Hollännesch Fans reesen zu Dausenden duerch d'Welt, fir hien unzefeieren... elo kënne se dat dann och doheem maachen.
De leschte Gewënner am Kader vun enger Formel 1 Course, war den Niki Lauda am Joer 1985.
De 4,320 Kilometer laange Circuit ass extrem beléift bei de Piloten. E schlängelt sech duerch d'Dünelandschaft zu Zandvoort, an huet och ëmmer nees mat Sand op der Streck ze kämpfen. De Circuit, grad wéi d'Installatioune ronderëm si schonn e bësse bei Alter... do heescht et elo bis 2020 drun ze schaffen, fir nees um leschte Stand vun der Technik ze sinn. De Kontrakt dee mam Formel1-Promoter ënnerschriwwe gouf, gëllt an enger éischter Phas fir 3 Joer.
Zandvoort ass déi zweet Course, déi vu Liberty Media an de Formel1-Kalenner geholl gouf. Virdru gouf d'Premiere vum Grousse Präis vu Vietnam zu Hanoi decidéiert, dat fir den Abrëll 2020.