De Max Verstappen huet am Red Bull de Grousse Präis vun Däitschland gewonnen, dat virum Sebastian Vettel op Ferrari an dem Daniil Kvyat op Toro Rosso.

Den amtéierende Weltmeeschter Lewis Hamilton ass e Sonndeg beim Grousse Präis vun Däitschland vun der Pole Position aus an d'Course gaangen, dat virum Max Verstappen a sengem Mercedes-Teamkomerod Valtteri Bottas.

De start huet e Sonndeg e bëssen op sech waarde gelooss, well een net wousst, ob een op der naasser Streck ee stoende Start woe soll oder net. Schlussendlech ass et dunn awer zum stoende Start komm an do ass de Verstappen net all ze gutt fortkomm, esou dass hien op d'Plaz 3 zeréckkomm ass. No 5 Ronnen haten déi zwee Ferrarien dann och schonns vill Plaze guttgemaach. De Vettel hat sech 10 Plazen no vir geschafft op déi 10. Plaz an der Magnussen hat 6 Plaze guttgemaach a war elo op Plaz 4.

Dono sinn d'Ekippen an d'Pilote mat de Pneue méi kéng ginn an dat sollt enger Partie Fuerer zum Verhängnes ginn, well do hu sech der vill verspekuléiert, dorënner och de Leclerc, deen ausgefall ass.

Den Hamilton hat e bësse méi Chance, dee war nämlech kuerz virun der Boxegaass an d'Mauer gerannt, ma hien hat et nach an d'Box gepackt. Profitéiere konnt de Verstappen ovunner, fir sech un d'Spëtzt ze setzen.

E bësse méi spéit war dunn och Schluss fir den Nico Hülkenberg, deen tëschenzäitlech op Plaz 2 louch. Ewéi hien ausgefall ass, war hien op der Plaz 4.

Dono ass d'Streck nees däitlech méi dréche ginn an och do hate Leit et verpasst, fir am richtege Moment d'Pneuen ze wiesselen, esou och de Lewis Hamilton, deen op Plaz 12 zeréckgefall ass. Deen Ament louch de Verstappen a Féierung virum Lance Stroll an dem Danil Kvyat.

An der 53. Minutt huet den Hamilton sech dunn nach eng weider Kéier gedréint. Onsécherheeten op der Streck an ëmmer nees Problemer an der Box, ee gebrauchten Dag fir de Weltmeeschter an och fir Mercedes, well an der 57. Ronn ass dunn och nach de Bottas ausgefall.

Doduerch ass nees eng Safety-Car-Phas komm, wou d'Fuerer also nees all no beienee waren an dovunner huet de Vettel profitéiert fir nach de Sainz, de Stroll an de Kvyat ze iwwerhuelen an domat op déi zweet Plaz ze kommen.

Um Enn wënnt de Verstappen virum Sebastian Vettel, dee sech vun 20 no vir op 2 geschafft huet, an dem Daniil Kvyat. Domat hëlt de Kvyat fir Toro Rosso déi éischt Podiumsplaz zanter Monza 2008.