De 4-fache Weltmeeschter an der Kinneksklass vum Automobilsport gëtt domat och ee vun de Patrone vun der franséischer Formel-1-Ecurie.

Dat nieft ënnert aneren dem Gérard Lopez. De Lëtzebuerger Geschäftsmann ass jo och nach President vum OSC Lille, dem franséische Vizechampion am Futtball, deen an der neier Saison Champions League spillt.