Nom Technik-Drama ëm de Charles Leclerc huet de Max Verstappen sech am Fürstentum virum Carlos Sainz an dem Lando Norris duerchgesat.

De Charles Leclerc hat an der Pit Lane virum Depart mat technesche Problemer ze kämpfen. D'Techniker konnten den Auto net méi flecken, sou dass de Charles Leclerc net un der Course konnt deelhuelen. Domat ass de Max Verstappen als grousse Favorit un de Start gaangen.

Leclerc

Dëser Favoritteroll sollt den Hollänner dann och gerecht ginn. De Red-Bull-Pilot ass vum Depart ewech un der Spëtzt eng souverän Course gefuer an huet sech d'Victoire beim Grousse Präis vu Monaco verdéngt geséchert. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Ferrari-Pilot Carlos Sainz an de Lando Norris op McLaren gefuer.

De Weltmeeschter Lewis Hamilton ass mat sengem Mercedes net iwwert déi 7. Plaz erauskomm. Doduerch huet hie seng Leaderpositioun am General un de Max Verstappen missen ofginn. Den Hollänner läit elo mat 4 Punkten un der Spëtzt.

D'Arrivée net gesinn huet de Valtteri Bottas um zweete Mercedes. D'Mechaniker krute bei him d'Mudder vun engem Pneu net lass, sou datt hien net méi konnt weider fueren.

D'Resultat

Resultat