Formel 1
Technik-Drama bei Ferrari - Charles Leclerc konnt net starten

© AFP
An der Pit Lane virum Depart hat de Monegass mat technesche Problemer ze kämpfen an huet missen zeréck an d'Box fueren.
Op der leschter Ronn am Qualifying um Samschdeg war de Charles Leclerc accidentéiert an de Qualifying gouf doropshin ofgebrach. Um Sonndeg de Moien huet et esou ausgesinn, dass de Monegass trotzallem un den Depart vum Grousse Präis vu Monaco kéint goen, éier de Ferrari-Pilot an der Pit Lane mat technesche Problemer ze kämpfen hat. D'Techniker konnten d'Problemer net méi flecken, sou dass de Charles Leclerc net un der Course konnt deelhuelen.
Um Enn huet sech de Max Verstappen op Red Bull d'Victoire geséchert.
Am meeschte gelies