Nom Grousse Präis vu Frankräich zu Le Castellet d'lescht Woch, stinn dëse Weekend an d'nächst Woch d'Grand Prixen zu Spielberg an Éisträich um Programm

Lass geet et mam Grousse Präis vun der Steiermark. De Momentum läit kloer beim WM Leader Max an senger Ecurie.

Formel 1 Preview - GP Steiermark

Fir Red Bull ass et jo och en Heemspill. Zu Le Castellet huet een nach vun enger Mercedes-Streck geschwat. Ënnert dem Stréch konnt sech de Hollänner Max Verstappen op Red Bull, no enger spannender Course, déi och iwwert d'Strategie gewonnen gouf, duerchsetzen, dozou den RTL Formel 1 Expert Serge Pauly.

Serge Pauly: De Max Verstappen huet am Moment einfach e Laf. Zu Le Castellet huet hien säin 1. Hattrick an senger Karriär realiséiert, Pole, Victoire an séierst Ronn. Beim Lewis Hamilton huet een den Androck datt  hien melancholesch ass, wei wann hien wéisst dat seng Zäit ofgelaf ass. Et ass awer och den Duell vun den Adjutanten.Dës Saison war bis elo nach an all Grand Prix eng lass, an och de Circuit zu Spielberg ass e Garant fir Spektakel.

Serge Pauly: Et ginn extrem vill Iwwerhuelméiglechkeeten. Et ass et flotte Circuit. An dann ass och op mannst fir den éischte Weekend Reen gemellt.

Op der Streck ass et den Duell Verstappen-Lewis Hamilton. Nieft der Streck leeft Gestëppels tëscht Red Bull a Mercedes op Héichtouren. Eppes dat einfach och zum Formel 1 Zirkus dozou gehéiert, mengt de Serge Pauly.

Serge Pauly: Den Toto Wolf deen Honda gelueft huet, déi extrem Fortschrëtter gemaach hätt. Tëscht den Zeilen kéint ee mengen dat den Toto Wolff suggeréiert, datt Honda do e bësse gefuddelt huet. Et ass esou en éiwegt gekatz tëscht Red Bull an Mercedes an tëscht den zwee Cheffen Christian Horner an Toto Wolff.Am Weltmeeschterschaftsklassement steet de Max Verstappen virum 8. Grand Prix vun der Saison op der éischter Plaz mat 131 Punkten, 12 virum Lewis Hamilton. Och wann elo eréischt een Drëttel vun der Saison gefuer ass, esou däerf den Brit sech net méi ze dacks vum Hollänner schloe loossen, wann hien säin 8 Titel wëll gewannen, an domat eleng Rekordweltmeeschter wëll ginn.

D'fräi Trainingen kënnt Dir Live bei eis op rtl.lu suivéieren. De Qualifying e Samschdeg um 15 Auer an d'Course e Sonndeg mam Virprogramm vun 14.20 Auer un, sinn och bei eise Kolleegen vun Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee.