Lewis Hamilton séchert sech am Qualifying éischt Plaz

© AFP
De Mercedes-Pilot huet sech am Qualifying viru sengem grousse Konkurrent an aktuellem WM-Leader Max Verstappen duerchgesat.
De Lewis Hamilton op Mercedes huet sech beim Grousse Präis vu São Paulo souverän déi éischte Plaz am Qualifying geséchert. Den aktuelle Leader am WM-Klassement Max Verstappen op Red Bull ass deen 2. ginn. Aus der zweeter Rei wäerten e Samschdeg beim Sprint de Valtteri Bottas op Mercedes an de Sergio Perez um Red Bull starten.
Am Q1 war et den Out fir Stroll, Russell, Latifi, Schumacher a Mazepin. Am Q2 war d'Qualifikatioun fir Ocon, Vettel, Tsunoda, Räikkönen an Giovinazzi eriwwer.

© Screenshot
Aus dem Resultat vum Qualifying ergëtt sech d'Startopstellung fir de Sprint e Samschdeg. D'Resultat vum Sprint ass dann d'Startopstellung fir de Grousse Präis vu São Paulo e Sonndeg. De Lewis Hamilton gëtt hei fënnef Plazen no hanne versat, dat well u sengem Auto de Verbrennermotor gewiesselt gouf.
De weidere Programm a Brasilien
E Samschdeg gëtt um 15.55 Auer deen 2. Fräien Training um Circuit vun Interlagos gefuer. Owes um 20.30 Auer ass dann de Sprint iwwer 100 Kilometer. E Sonndeg den Owend um 18 Auer gëtt dann de Grousse Präis vu São Paulo gefuer. RTL ass fir Iech de ganze Weekend nees live mat dobäi.