Hamilton a Verstappen musse mat Strofen oder Disqualifikatioun rechnen

Beim Lewis Hamilton gouf eng Irregularitéit bei sengem Heckfligel festgestallt. De Max Verstappen huet sech dat am Parc Fermé ze genee ugekuckt.
An der Formel 1 ass et mam Grousse Präis vu Sao Paulo a Brasilien, déi 4.-lescht Course vun der Saison. Den Duell tëscht dem WM-Leader Max Verstappen op Red Bull an dem Zweeten a Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton op Mercedes spëtzt sech weider zou.
No der Qualifikatioun um Freideg riskéiert den Hamilton disqualifizéiert ze ginn, well en technesche Feeler un sengem Heckfligel festgestallt gouf, an misst beim Sprint um Samschdeg vu ganz hannen an d'Course goen.
De Verstappen riskéiert eng Strof, well hien am Parc Fermé dem Hamilton säin Heckfligel kucke war, respektiv en och ugepak huet.
Am Qualifying e Freideg den Owend, war de Sir Lewis nach dee Séiersten, virum Verstappen. An der zweeter Rei kommen deenen zwee hir Equipieren, an zwar de Valtteri Bottas op Mercedes an de Sergio Perez op Red Bull. Beim Grousse Präis vu Sao Paulo steet wéi gesot nees e Sprint-Qualifying um Programm.
Bis elo goufen et zwee Sprint-Weekender, zu Silverstone an zu Monza, an déi zwou Kéiere sinn déi zwee éischt am Weltmeeschterschaftsklassement sech net aus de Féiss komm. Et kann een deemno d'Fro stellen, "jamais deux sans trois", dozou den RTL Formel 1 Commentateur Serge Pauly:
Geet dat elo schonn duer fir dorausser ee «Gesetz vun der Série» ofzeleeden, oder war dat nëmmen Zoufall...? Silverstone mengen ech, ass nëmmen esou geschitt, well den Hamilton am Sprint Samschdes geléiert huet, dass deejéinegen deen nom 1. Tour hannen ass, quasi keng Chance méi huet fir erëm no vir ze kommen. Monza dogéint hat de Sprint a mengen Aen keen Afloss op de Crash... Déi zwou Sprint-Coursen déi mir bis elo gesinn hunn, waren u sech – fir sech eleng gekuckt - jo bis elo net esou spannend. Mä ech sinn iwwerzeegt, dass se awer e positiven Afloss op de Grand-Prix Sonndes hunn...
Et huet een ëmmer nees héieren, Mexiko-City an Brasilien, dat sinn zwou Red Bull Strecken. Et muss een dat awer fir Interlagos relativéieren.
An der Hybrid-Ära, also zënter 2014, huet Mercedes 4x gewonnen, Red Bull nëmmen 1 mol, dat war de Max Verstappen beim leschte Brasilien-Grand-Prix 2019. Wann een déi Statistik kuckt, da wär Mercedes Favorit... Mä wann ee sech de Streckeprofil vun Interlagos ukuckt, da kinnt de Circuit dëst Joer dem RedBull effektiv besser leie wéi dem Mercedes. Mä et ass richteg enk, esouguer um Pabeier. Wann de Max Verstappen en Avantage huet, dann ass e wierklech minimal, e läit héchstens eng Nuesspëtz virum Lewis Hamilton. Mir hu bei de leschte Coursse gesinn, dass déi zwou Ecurien esou no beienee leien, dass wierklech d’Dagesform den Ausschlag ka ginn.
An der Schlussphase vun der Weltmeeschterschaft, virun allem wann se esou spannend ass wéi dës Saison, kënnt et op all klengen Detail un. Do spillen d'Equipieren, déi eventuell hëllefen kënnen, natierlech och eng Roll.
Éischtens am direkten Duell... de Bottas huet zu Mexiko-City seng lénks Säit effektiv ganz schlecht verdeedegt, de Perez huet Drock op den Hamilton gemaach... Eng zweet wichteg Roll, déi Bottas a Perez iwwerhuele mussen, ass déi vum strategesche Spillball. Et ass evident, dass se an dëser spannender Phase vun der Weltmeeschterschaft d’Strategen all Regëster zéien, dass den zweete Pilot strategesch agesat gëtt, fir Drock op de Konkurrent auszeüben. Wann zu Mexiko-City beim Depart op d ‘mannst ee Mercedes virum Max Verstappen bliwwe wär, hätt Mercedes de Red Bull-Pilot strategesch an d’Zaang huele kënnen, een Undercut, een Overcut, an de Verstappen hätt ferme struewele missten fir virzebleiwen.
Zu Mexiko-City stoung de Max Verstappen ganz uewen um Podium, virum Lewis Hamilton. Am WM-Klassement konnt den Hollänner seng Avance op 19 Punkten ausbauen. Geet déi no dësem Weekend weider an d'Luucht, oder kann de Rekordweltmeeschter nees méi no eru kommen.
Den zweeten fräien Training ass e Samschdeg de Mëtteg vu 16 Auer un op rtl.lu. De Sprint-Qualifying kënnt Dir e Samschdeg den Owend vun 20 Auer un Live bei eise Kolleegen vun Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee suivéieren. Egal wéi gëtt den Lewis Hamilton e Sonndeg beim Grand Prix 5 Plaze no hanne gesat, well hien e weideren neie Verbrennungsmotor krut. De Virprogramm fir de Grousse Präis vun Sao Paulo geet e Sonndeg de Mëtteg um 17.20 Auer lass. Den Depart vun der Course ass um 18 Auer, an natierlech nees Live op der Tëlee op RTL Zwee an um Internet op rtl.lu.