Valtteri Bottas start virum Max Verstappen vun der Pole

© AFP
Am Sprint zu Interlagos konnt sech de Pilot vu Mercedes duerchsetzen. De Lewis Hamilton start no senger Strof am Qualifying e Sonndeg vun der 10. Plaz.
De Valtteri Bottas huet sech duerch e gudde Start am Sprint déi éischt Plaz geséchert a start domat an der Course e Sonndeg vun der Pole Position. De Max Verstappen geet vun der 2. Plaz un den Depart. De Lewis Hamilton geet vun der 10. Plaz aus an d'Course.
Trotz senger éischter Plaz am Qualifying e Freideg ass de Lewis Hamilton e Samschdeg den Owend am Sprint vun der leschter Plaz gestart, dat nodeems d'FIA de Britt op Grond vun Irregularitéiten um Heckfligel disqualifizéiert hat.
Vu ganz vir ass also den aktuelle WM-Leader Max Verstappen un den Depart gaangen, fir sech am Sprint iwwer 103 Kilometer eng gutt Ausgangslag fir d'Course um Sonndeg ze sécheren. Dee Plang ass ufanks awer net sou richteg opgaangen, wéi den Hollänner schonn an der éischter Ronn zwou Plazen hierginn huet. De Valtteri Bottas konnt sech an der éischter Kéier un d'Spëtzt setzen a kuerz drop war et dann nach de Carlos Sainz, deen op de Soft-Pneue laanschtgezunn ass.
Dem Max Verstappen ass et méi spéit zwar gelongen, sech déi zweet Plaz vum Ferrari zréckzehuelen, ma ganz un d'Spëtzt ass hien awer net méi erukomm. Um Enn séchert sech de Valtteri Bottas déi 1. Plaz a start domat e Sonndeg zu Interlagos vun der Pole Position, dat virum Max Verstappen an dem Carlos Sainz. De Lewis Hamilton huet et vu ganz hannen nach op déi 5. Plaz gepackt, duerch säi Wiessel vum Verbrennermotor start hien domat vun der 10. Plaz.