Wärend et fir de Fuerer vu Red Bull eng Geldstrof vu 50.000 Euro gouf, muss den amtéierende Weltmeeschter am Sprint vun der leschter Plaz starten.

E Freideg den Owend hat sech de Lewis Hamilton am Qualifying fir de Sprint zu São Paulo mat engem klore Virsprong déi bescht Zäit geséchert. Allerdéngs goufe spéider beim Gefier vum siwefache Weltmeeschter Irregularitéiten um Heckfligel festgestallt, déi sech de WM-Konkurrent Max Verstappen kuerz drop selwer méi genau ugekuckt huet.

D'FIA huet sech laang beroden a géint 17.45 Auer koum dann d'Nouvelle, dass et fir den Hollänner op Grond vun dësem Tëschefall eng Geldstrof vu 50.000 Euro gëtt. Ronn 30 Minutte méi spéit gouf dann och bekannt ginn, dass de Lewis Hamilton vum Qualifying e Freideg disqualifizéiert gouf an domat e Samschdeg am Sprint vun der leschter Plaz starte muss.

D'Startplaze fir d'Course um Sonndeg ginn am Sprint bestëmmt, deen um 20.30 Auer ausgedroe gëtt. Dëse kënnt dir op der Tëlee an am Stream op RTL.lu suivéieren.