Max Verstappen séchert sech d'Pole virum Lewis Hamilton

© AFP
Domadder start den Hollänner an der decisiver Course ëm de WM-Titel als Éischten.
De Max Verstappen huet sech e Samschdeg am Qualifying fir de Grousse Präis vun Abu Dhabi d'Pole Position geséchert. De Red-Bull-Pilot huet sech viru sengem grousse Konkurrent Lewis Hamilton (Mercedes) behaapt. Aus der zweeter Rei fueren e Sonndeg de Lando Norris (McLaren) an de Sergio Perez (Red Bull) fort.
Nom Q1 war Schluss fir den Nicholas Latifi, George Russell, Kimi Räikkönen, Mick Schumacher an Nikita Mazepin.
Fir de Fernando Alonso, Pierre Gasly, Lance Stroll, Antonio Giovinazzi a Sebastian Vettel war de Qualifying nom Q2 eriwwer.

© Screenshot
Wien 2021 Formel-1-Weltmeeschter gëtt, dat decidéiert sech dann e Sonndeg. Den aktuelle Weltmeeschter Lewis Hamilton an de Max Verstappen gi jo punktgläich an déi lescht Course vun der Saison. Nieft der Fuerer-Weltmeeschterschaft decidéiert sech awer och nach d’Constructeurs-WM. Do huet Mercedes e relativ confortabelen Avantage.
Vun 13.20 Auer u kënnt Dir e Sonndeg de Grousse Präis vun Abu Dhabi live op RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play kucken. Direkt no der Course weise mir e grousse Réckbléck op d’Saison 2021. Hei kënnt Dir den Duell tëschent dem Lewis Hamilton an dem Max Verstappen nach emol hautno erliewen.