An enger dramatescher Schlussphas ass et dem Max Verstappen gelongen de Lewis Hamilton nach op der leschter Ronn ze iwwerhuelen.

Formel-1-Saison / Réckbléck Franky Hippert

Op der leschter Course vun der Saison huet sech de Max Verstappen zu Abu Dhabi virum Lewis Hamilton an dem Carlos Sainz duerchgesat an ass domat de Formel-1-Weltmeeschter 2021. An de leschte Ronne huet sech op dramatesch Aart a Weis nach ee Mol alles geännert a sou séchert sech den Hollänner säin éischte WM-Titel a senger Karriär. Bei de Constructeure huet sech Mercedes fir déi 8. Kéier hannerteneen duerchgesat.

Formel 1 / Reportage Yannick Zuidberg

No der Course huet Mercedes zwee Mol Protest wéinst dem Ausgang vun der Course ageluecht, dës sinn allerdéngs nach den Owend selwer vun der FIA ofgewise ginn.

E bessert Zenario hätt ee sech als neutrale Spectateur zum Ofschloss net virstelle kënnen. Déi zwee WM-Konkurrente Max Verstappen a Lewis Hamilton si punktgläich aus der éischter Rei an déi lescht Course vun der Saison zu Abu Dhabi gestart. Fir de Red-Bull-Pilot ass den Depart awer alles anescht wéi gutt gelaf. Den Hamilton ass besser vun der Plaz komm a konnt sech sou schonn an der éischter Kéier un d'Spëtzt setzen.
Kuerz drop ass et da beim Versuch sech d'Plaz zréckzehuele bal zu enger Kollisioun komm, ma béid WM-Konkurrente krute sech nach sou just ausernee gehalen.

Déi fréi Féierung huet dem Mercedes-Pilot voll an d'Kaarte gespillt. Och nom éischte Boxestopp louch hie weider virum Max Verstappen, allerdéngs nach hannert dem Sergio Perez, dem zweete Red-Bull-Pilot. Deen huet et dem Lewis Hamilton net einfach gemaach laanschtzezéien a sou krut et de Mexikaner hin de Britt ofzebremsen, sou dass säin Teamkolleeg nees opschléisse konnt.

Fir de Kimi Räikkönen, deen e Sonndeg déi lescht Course a senger Karriär gefuer ass, war schonn no 28 Ronne Schluss. De Finn war vun der Streck ofkomm a konnt op Grond vun defekte Bremsen net méi weidermaachen.

Un der Spëtzt huet de Lewis Hamilton trotz dem tëschenzäitlechen Duell mam Sergio Perez seng Course gemaach a konnt säi Virsprong op de Max Verstappen no an no vergréisseren. Duerch e virtuellt Safety-Car ass et um Enn awer nach eng Kéier richteg spannend ginn. De Max Verstappen huet dat nämlech genotzt fir nach eng Kéier an d'Box ze fueren, wärend Mercedes sech géint e weidere Boxestopp entscheet huet. Ronn fir Ronn ass de Fuerer vu Red Bull mat senge frësche Pneue méi no komm, trotzdeem huet et net méi duerno ausgesi wéi wann et nach duergoe géif, säi Konkurrent ze iwwerhuelen.

Dat sollt et awer nach ëmmer net gewiescht sinn, wéi nëmme véier Ronne viru Schluss d'Safety Car op d'Streck gefuer ass, nodeems de Nicholas Latifi säi Gefier an d'Mauer gesat huet. Wéi eng Ronn viru Schluss d'Safety Car d'Streck verlooss huet, huet sech am direkten Duell alles entscheet. De Red-Bull-Pilot hat mat senge méi frësche Pneuen an dem Wandschiet de Virdeel an entscheet an engem dramatesche Finish d'Saison fir sech. Um Enn wënnt de Max Verstappen also de Grousse Präis vun Abu Dhabi virum Lewis Hamilton an dem Carlos Sainz a séchert sech domat den éischte WM-Titel a senger Formel-1-Karriär. En Trouschtpräis ass et fir d'Ekipp vu Mercedes allerdéngs ginn, déi fir déi 8. Saison hannerteneen den Titel am Klassement vun de Constructeure gewonnen huet.