Julien Henx nieft Schwamm-WM och bei Formel 1-Tester zu Abu Dhabi dobäi

De Max Verstappen huet dem Lewis Hamilton zu Abu Dhabi an enger geckeger leschter Course no enger verréckter Saison d'Formel 1-Weltmeeschterkroun ofgeholl.
Lo an de leschten Deeg war jo zu Abu Dhabi och d‘Weltmeeschterschaft am Schwammen. De Lëtzebuerger Schwëmmer a Formel 1-Supporter Julien Henx huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir d‘Tester vun der Kinneksklass aus dem Automobilsport um Circuit vun Yas Marina ze suivéieren.
De Konfetti an d'Schampesfläsche vun der Feier vum 1. Weltmeeschtertitel vum 24 Joer ale Max Verstappen si gebotzt a geraumt, an et kann ee soen, „No der Saison ass virun der Saison!" - d'lescht Woch waren op der Streck zu Abu Dhabi schonn nees Tester en Vue vun 2022, dozou de Julien Henx: "Et héiert een hei d'Autoen direkt, da kënnt ee bei déi éischt Bréck, da fueren d'Autoen ënnert der erduerch, dat war déi éischte Kéier, datt ech e richtege Formel 1 Auto gesinn hunn, an de Kaméidi, de Klang vun den Autoen. An da war de Sebastian Vettel, de Carlos Sainz, an de Lando Norris och do, dat war richteg grouss."
Vill méi no wéi elo, konnten d'Schwëmmer, déi op der Schwamm-Weltmeescheterschaft dobäi waren, net un d'Formel 1 Streck erukommen: "Et sinn 10 Minutten ze fouss bis op d'Streck, d'Autoe fuere virun an hannert dem Hotel laanscht. Et ass schonn e coolt Gefill wann s de an der Schwämm de Kaméidi vun de Formel 1 Autoen héiers."
De Julien Henx, dee viru kuerzem d‘Kombinaison vum Max Verstappen bei enger Aktioun fir de gudden Zweck gesteet hat, huet bei de Formel 1 Boliden awer en anere Favorit: "Allgemeng ass de roude Ferrari wonnerschéin, ech fannen déi donkel Faarf vum Red Bull an och den Design dovu cool. Leider hunn ech d'Mercedesen net méi gesinn, déi hunn déi Stonnen, wou ech do war, net méi getest."
D'Formel 1 Pilote selwer waren net am Hotel vun de Schwëmmer. Déi hätten zu Dubai geleeën, krut de Julien Henx vun de Lokalen erzielt. Egal wéi wëll de 26 Joer ale Lëtzebuerger aus der Elite-Sport-Sektioun vun der Arméi awer d'nächst Saison sech Zäit huelen, fir och bei enger Course vun der Kinneksklass aus dem Automobilsport Live dobäi ze sinn.