Den Hollänner Max Verstappen an de Mercedes-Pilot Lewis Hamilton wäerte sech dëse Sonndeg zu Abu Dhabi näischt schenken an de grousse Kampf ëm de WM-Titel geet an déi leschte Ronn.
Een, deen dëse Sonndeg ganz bestëmmt virun der Tëlee wäert sëtzen, ass de Lëtzebuerger Schwëmmer Julien Henx. Hien ass grousse Formel-1-Fan an hat d‘Chance, dëst Joer eng Kombi vum Redbull-Pilot bei enger Stee ze gewannen.