Red Bull huet säin neien Auto fir déi nei F1-Saison presentéiert. D'Erwaardungen un den RB18 si grouss. De Max Verstappen wëll säi WM-Titel verdeedegen.

Red Bull huet déi éischte Course géint Mercedes fir dës Saison gewonnen. D'Team vum Fuerer-Weltmeeschter Verstappen huet bei der Presentatioun vum neien Auto iwwert eng Woch Avance. Nëmmen Haas war nach méi séier. Déi hate schonn d'lescht Woch 4 Fotoe vun hirem neien VF-22 verëffentlecht.

Red Bull, déi dës Saison iwwregens offiziell als "Oracle Red Bull Racing" un den Depart ginn, hu sech do e bësse méi Méi ginn. D'Presentatioun vum RB18 war eng opwänneg Online-Show, déi eng gutt hallef Stonn gedauert huet. Dat wat presentéiert gouf, war awer nëmmen en éischte Worf. Red Bull wëll sech nach net ze vill an d'Kaarte kucke loossen.

Dëst Joer gëllen nämlech komplett nei aerodynamesch Reegelen. D'Spoiler hanne wéi vir goufe beschnidden, et fiert een elo mat 18-Zoll-Pneuen an d'Ingénieure hu manner Spillraum fir kreativ Iddien. All d'Teams hunn dës Saison mat engem wäisse Blat Pabeier ugefaangen. Den Teamchef Christian Horner ass zefridde, wéi säin Team d'Aufgab geléist huet:

"De gréisste Changement bei de Reegelen ass, dass d'Autoe méi glat ausgesinn. Déi sëllege kleng Zousaz-Spoiler si verschwonnen. Mat dësen Autoe soll ee méi einfach iwwerhuele kënnen, d'Course solle méi spannend ginn."

Fir Red Bull war et d'lescht Joer deen éischte Fuerertitel zënter 2013. Kee Wonner, dass dat no der Saison an der Fabrick zu Milton Keynes entspriechend gefeiert gouf. Et ass een houfreg an et weist een dat och. Um RB18 pecht d'Startnummer 1, d'Nummer vum Weltmeeschter - e Privileeg, op deen de Konkurrent Hamilton déi lescht Joren ëmmer verzicht huet.

De Max Verstappen freet sech op déi nei Saison:

"Et gëtt vill Inconnue wéinst den neien Autoen. Dat Wichtegst ass, dass ee sech selwer gutt preparéiert, also physesch. Den Auto... ech weess et einfach net. Dofir sinn ech wierklech virwëtzeg, fir erauszefannen, wéi e sech um Circuit fiert."

Do mussen sech de Weltmeeschter a säi mexikaneschen Teamkolleeg Sergio Perez awer nach bis Enn Februar gedëllegen. Dann eréischt sinn zu Barcelona déi éischt grouss Tester virun der neier Saison.

Déi weider Presentatiounen am Iwwerbléck:

10. Februar: Aston Martin F1 Team
11. Februar: McLaren F1 Team
14. Februar: Scuderia AlphaTauri
15. Februar: Williams Racing
17. Februar: Scuderia Ferrari
18. Februar: Mercedes-AMG F1 Team
21. Februar: Alpine F1 Team
27. Februar: AlfaRomeo