Formel 1
Haas presentéiert als éischt Ecurie en neien Auto

© Uralkali Haas F1 Team
Fir d'Saison 2022 huet déi amerikanesch Ecurie hiren neien F1-Auto als éischte Rennstall presentéiert.
Allerdéngs nëmmen eng Animatioun an nach net dee richtegen Auto. Vun dëser Saison u gëllt jo en neit aerodynamescht Reglement, fir d'Iwwerhuelen ze vereinfachen. Et fält op alle Fall op, dass den VF-22, sou wéi den Auto dës Saison genannt gëtt, schonn anescht ausgesäit wéi d'Demoversioun, déi am Laf vun der Saison 2021 presentéiert gouf. Um Design huet sech bei der Ecurie Haas awer näischt verännert souwéi bei de Piloten. Am Cockpit sëtze fir d'Saison 2022 de Russ Nikita Mazepin an den däitschen Mick Schumacher.
©
Uralkali Haas F1 Team
©
Uralkali Haas F1 Team
©
Uralkali Haas F1 Team
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies