Aston Martin: éischten Auto um Circuit
Als éischt Team huet Aston Martin e kuerzen Test um Circuit absolvéiert. Den neien Teamchef Mike Krack war nëmmen als Spectateur dobäi.
En Donneschdeg gouf den neien AMR-22 an der Fabrick vu Gaydon presentéiert, e Freideg souzen de Sebastian Vettel an de Lance Stroll eng éischte Kéier an hirem neien Auto. Aston Martin hat de Circuit vu Silverstone fir e "Shakedown" respektiv "Filmdag" gelount. Bei dësem privaten Test däerfen d’Teams héchstens 100 Kilometer absolvéieren. Dat geet net duer, fir den Auto op Häerz an Nieren ze testen, mä gëtt schonn en éischten Androck op alles wéi gewënscht funktionéiert.
Aston Martin ass dat éischten Team, dat esou fréi mam neien Auto op de Circuit geet an dovunner esouguer Fotoen a Videoe verëffentlecht. Den Techneschen Direkter Andrew Green huet explizéiert, dass een eventuell Problemer esou fréi wéi méiglech detektéiere wéilt, an deemno wéi nach reagéiere kann, ier Enn Februar zu Barcelona déi grouss Saison-Preparatioun ufänkt.
Den neien Teamchef Mike Krack war zwar zu Silverstone, mä huet sech nach diskret am Hannergrond gehalen. De Lëtzebuerger huet nach e Kontrakt mat sengem fréiere Patron an däerf bis Enn vum Mount nach net offiziell an Aston-Martin-Faarwen optrieden. Dofir war hien nëmmen als Zuschauer an zivil zu Silverstone.

De Mike Krack an zivil um Bord vun der Streck. / © Aston Martin Aramco Cognizant F1 Team