Aston Martin: "Mir wëlle gewannen!"
Aston Martin blouf 2021 wäit hannert den eegenen Erwaardungen. Dëst Joer soll mam neien Teamchef Mike Krack an engem neien Auto alles besser ginn.
Aston Martin huet zu Gaydon, an der Fabrick, wou normalerweis hir Stroossenautoe vum Band lafen, déi ganz grouss Show inzenéiert. A wärend Red Bull eis e Mëttwoch mat engem Phantasiemodell op d'Ae gedréckt huet, weist Aston Martin en echte Prototyp, deen op d'mannst eng gewëssen Ähnlechkeet mam definitiven AMR-22 huet.
Ausser dem British Racing Green huet deen neien net vill mat sengem Virgänger gemeinsam. Och hei erkennt een déi nei Formel-1-Reegelen: den Design ass ganz glat, op komplizéiert Zousaz-Spoilere muss verzicht ginn. An d'Ambitioune vum Team-Proprietär Lawrence Stroll sinn op d'mannst grad esou grouss wéi d'Show: "Mir wëlle gewannen! Mir wëssen, dass dat net einfach ass. Dofir hu mir e 5-Joeres-Plang, fir ganz uewen um Sommet unzekommen."
D'Pilote bleiwen déi selwecht wéi d'lescht Joer, also de Fils vum Proprietär, de Lance Stroll an de Sebastian Vettel. Och deen hofft, dass et biergop geet: "D'lescht Joer war enttäuschend. Natierlech hoffe mir, dass mir elo e grousse Schrack no vir maachen. Mä mir wëssen net, wat déi nei Reegelen an déi nei Autoen esou mat sech bréngen. Mä eis Ambitioun ass et, fir vir matzefueren."
Den zukünftegen Teamchef Mike Krack war bei der grousser Presentatioun nach net dobäi. De Lëtzebuerger fänkt eréischt nächste Mount bei Aston Martin un. Hien an de Vettel kenne sech aus gemeinsame BMW-Sauber-Zäiten. De Sebastian Vettel: "Ech freeë mech, fir erëm mam Mike zesummenzeschaffen. Ech hu gutt Erënnerungen. Hien ass definitiv eng Verstäerkung an hie wäert hëllefen, eist Team virunzebréngen. Ech freeë mech, wann hie bei eis ufänkt."
Den éischten ëffentlechen Optrëtt wäert de Mike Krack bei den Tester Mëtt Mäerz am Bahrain hunn. Spéitstens da ginn et och éischt Indicen, wéi gutt den AMR-22 wierklech ass.