De russesche Pilot Nikita Mazepin, dee vum Haas-Team zesumme mam Sponsor Uralkali virun d’Dier gesat gouf, gëtt duerch Ex-F1-Pilot Kevin Magnussen ersat.

Eigentlech war spekuléiert ginn, dass de Pietro Fittipaldi oder den Antoni Giovinazzi neien Teamkolleg vum Mick Schumacher ginn. Elo huet dem Haas-Teamchef Günther Steiner säi fréiere Pilot Kevin Magnussen aus dem Hutt gezaubert. Den dänesche Pilot hätt e Kontrakt iwwert "e puer Joer" ënnerschriwwen.

De Kevin Magnussen ass scho vun 2017 bis 2020 fir déi amerikanesch Ecurie gefuer. Virdru war hien zwou Saisone bei McLaren an eng Saison bei Renault. An 119 Coursse stoung hien eng eenzeg Kéier um Podium.

Nodeems Haas Enn 2020 op déi zwee Youngster Schumacher a Mazepin gesat huet, huet de Kevin Magnussen keen anere F1-Cockpit méi fonnt. Hie war 2021 an der amerikanescher Sportswon-Meeschterschaft IMSA ënnerwee, wou hie mam Chip Ganassi Team eng Course gewonnen huet a véier weider Kéieren um Podium stoung.

Déi lescht Woch hat sech Haas als Reaktioun op den Ukrain-Krich vum Mazepin an Uralkali getrennt. Antëscht stinn den Nikita Mazepin a säi Papp Dimitry op der Sanktiounslëscht vun der Europäescher Unioun.