Samschdeg huet d'Ecurie Haas confirméiert, dass den US-Rennstall sech net nëmme vun hirem russesche Pilot trennt, mee och vun hirem Haaptsponsor Uralkali.

Schonn Ufanks der Woch ass spekuléiert ginn, dass den Nikita Mazepin dës Saison keng Formel 1 méi wäert fueren. Elo ass et offiziell: d'Ecurie Haas trennt sech vum Nikita Mazepin. Wien de Chauffeur am Cockpit remplacéiert, ass nach net gewosst. Et geet riets, dass den Ersatzpilot Pietro Fittipaldi asprange soll.

D'Firma Uralkali gehéiert Dmitry Mazepin, de Papp vum Nikita. Hien zielt enger Forbes-Lëscht no zu den 100 räichste russesche Geschäftsleit. Am Laf vu senger Karriär huet den Dmitry Mazepin am Topmanagement vun diverse russesche Firme geschafft, dorënner och wärend zwee Joer fir eng Gazprom-Duechterfirma. 2004 huet hien ugefaangen, seng eege Firma Uralchem opzebauen, 2013 gouf hien ee vun den Haaptaktionär bei Uralkali.

Och wann hien net zum enkste Krees ronderëm de Wladimir Putin zielt, ginn him gutt Kontakter an de Kreml nogesot. An der F1 hat hien net vill Frënn. Well seng Offer bei der Vente vum Force-India-Team - haut Aston Martin - net berécksiichtegt gouf, an de kanadesche Millionär Lance Stroll den Zouschlag krut, huet hie mat alle juristesche Mëttele probéiert, déi Transaktioun réckgängeg ze maachen. 2021 krut hien dunn awer als Sponsor beim amerikaneschen Haas-Team e Fouss an d'F1-Dier, an huet do säi Fils Nikita placéiert.

Bei de Wantertester zu Barcelona hat d'Ecurie nom Amarsch vun den Truppen an der Ukrain an no den éischten Attacke reagéiert an d'Schrëft, Logoen a Faarwe vum Sponsor net nëmme vum Auto, mee och vun de Camionen am Paddock geholl. E kloer Zeeche vun der Ecurie. Den Nikita Mazepin huet sech wärend deene leschte Wochen dogéint ni géint de Putin-Regimm ausgeschwat

Russesch a wäissrussesch Piloten dierfen eigentlech nach un den Depart vu FIA-Coursë goen, allerdéngs ënnert neutralem Fändel. Trotzdeem schéngt d'Partnerschaft fir d'Ecurie Haas net méi drobar ze sinn. Ei wéist sech an hirem Communiqué schockéiert an traureg iwwert den Amarsch an der Ukrain a wënscht sech e séiert a friddlecht Enn vum Krich.