Déi nei Formel-1-Saison steet virun der Dier. D'lescht Woch hunn d'Formel-1-Ecurien déi leschten Tester gemaach.

Formel 1 Wien ass gutt drop, wie manner? / Rep. F. Hippert

Dëse Weekend steet mam Grousse Präis vum Bahrain déi éischte Course vun der neier Saison um Programm. Ferrari huet bei den Wantertester e gudden Androck hannerlooss an et gouf scho gemunkelt, dass d'Italiener dëst Joer de Geheimfavorit sinn. Vun der Favoritteroll schenkt de Konstruktiounsmeeschter Mercedes den Ament awer nach wäit ewech ze sinn. An dëser zweeter Phas hu si awer fir eng kleng Iwwerraschung gesuergt.

Wéi de Mercedes mat der Nummer 44 erausgefuer ass, huet d'Konkurrenz emol misse méi genau kucken. Beim neie Modell si Säitekëschte quasi guer net méi present. E radikalen Usaz vun de Mercedes-Ingenieure fir déi nei aerodynamesch Reegelen ëmzesetzen. Et goufe keng grouss Problemer bei der Ecurie mam Stär, mä esou wéi de 7-fache Weltmeeschter an engem Interview gesot huet, ass den Auto den Ament nach net konkurrenzfäeg.

Den aktuelle Weltmeeschter Verstappen geet awer dovunner aus, dass Mercedes geblufft an nach net hiert ganzt Potential gewisen huet. Esou wéi Mercedes hat och Red Bull fir Tester am Bahrain Updatë fir hiren Auto an der Wallis. Déi néi Säitekëschte souwéi Modifikatioune vum Ënnerbuedem schénge richteg gutt ze funktionéieren. Dat huet Red Bull um leschten Testdag ënnerstrach. De Max Verstappen huet mat enger Zäit vun 1 Minutt 31 Sekonnen an 72 Honnertstel d'Wantertester am Bahrain dominéiert.

Dominant war och d'Ecurie Mcclaren zu Barcelona. Am Bahrain hate si awer direkt mat zwee Problemer ze kämpfen. Den Daniel Ricciardo ass positiv op de Coronavirus getest ginn a konnt net matfueren. Dowéinst huet de Lando Norris Iwwerstonne missen maachen a koum um Enn op 1.082 Kilometer, mä de Britt gouf wuertwiertlech ausgebremst. Bremsscheiwen hu bei vollem Tank Iwwerhëtzt an dowéinst konnt den Testprogramm net esou ëmgesat gi wéi geplangt. D'Ingenieure mussen sech Gedanke maachen, fir de Problem bis dëse Weekend geléist ze kréien.

Schweesspärelen hat bestëmmt och de Günter Steiner op der Stier. Wéinst dem Ukrain-Konflikt huet d'Ecurie Haas sech vun hirem russesche Pilot Nikita Mazepin an dem russechen Sponsor Uralkali getrennt. Dowéinst huet Haas net nëmmen eng néi Lackéierung presentéiert, mä och en neie Pilot. Am Bahrain souz am Ufank de Brasilianer Pietro Fittipaldi am Auto, ier de fréiere Formel-1-Pilot Kevin Magnussen aus dem Hutt gezaubert gouf. Den dänesche Pilot hätt e Kontrakt iwwert "e puer Joer" ënnerschriwwen. Domat kritt de Mick Schumacher en erfuerene Pilot un d'Säit gesat. Et kann ee gespaant sinn, wéi de Fils vum Michael Schumacher sech géint de Magnussen aus der Affär zitt.

Am grousse Ganzen hu Ferrari a Red Bull e gudden Androck hannerlooss an och, wa Mercedes elo net a Beschtform iwwert de Circuit gefuer ass, wier et geféierlech, den 8-fache Konstruktiounsmeeschter ofzeschreiwen. A 6 Deeg ass d'Qualifikatioun vum éischte Grand Prix vun der Saison an do ginn d'Kaarten dann eng éischte Kéier op den Dësch geluecht.

RTL

© RTL