No 14 Woche waarde geet et dëse Weekend fir d'Formel-1-Supporter nees lass.

Um 13 Auer e Freideg stoung deen éischte Fräien Training fir de Grousse Präis vum Bahrain, deen e Sonndeg ass, um Programm. Mat de komplett neien Autoen ass et am Virfeld schwéier, e Pronostic ze maachen. De Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull steet awer bestëmmt nees ganz uewen op der Favorittelëscht.

Optakt Formel 1 Saison 2022 / Reportage Aileen Lucius

Bei den Tester am Bahrain virun enger Woch huet de Weltmeeschter mat sengem RB18 schonn e ganz gudden Androck hannerlooss. Ferrari a McLaren kënne sech awer och sécherlech berechtegt Hoffnungen op méi wéi déi lescht Saisone maachen. Bei Mercedes an dem Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton weess een net esou richteg. Hiren neien Auto, de W13, ënnerscheet sech dach scho vill vun der Konkurrenz.

No den Tester vum leschte Weekend konnten d'Ecurien op jiddwerfalls keng grondleeënd Saachen um Auto méi änneren, dozou den RTL-Formel-1-Commentateur, Serge Pauly: Et ass keng Zäit méi fir zum Beispill d'Säitekëschte vu Mercedes ze kopéieren, en neie Frontspoiler ass eventuell nach méiglech, hin ze kréien.

Aston Martin wëll och an Zukunft gär vir matfueren. Den neien Teamchef, de Lëtzebuerger Mike Krack, hat eis direkt am Ufank vu sengem Engagement bei der brittescher Ecurie gesot, datt dat awer sécher net vun haut op muer geet: Succès kanns de net einfach esou plangen. Du muss dat opbauen. Dat huet ee gesi bei Mercedes oder bei Red Bull. Du brauchs Mënschen, déi matenee kënne schaffen.

De Bernd Mayländer, deen de Safty-Car-Pilot an der Formel 1 ass an deen dës Woch Invité an eisem Podcast Drëtt Hallschent war, kennt de Lëtzebuerger zwar net perséinlech, kennt awer säi Liewenslaf: Ech fannen et immens, et ass och gutt fir de Sebastian Vettel, datt esou een erfuerene Mann bei Aston Martin koum, an et géif mech freeën, wann d'Ecurie nees ëm Podiumsplazen a Victoirë kéint matfueren.

Duerch déi nei Autoen erwaarde sech déi Responsabel vun der Formel 1 nach méi spannend Coursse wéi zejoert. Den total verréckte Finish vun der leschter Course d'lescht Joer zu Abu Dhabi gëtt awer sécherlech schwéier ze toppen.

An och dës Saison kënnt Dir d'Formel 1 nees bei eise Kolleege vun Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE an um Internet op RTL.lu an um RTL Play suivéieren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

De Kalenner vun der Saison 2022

© RTL