Charles Leclerc séchert sech d'Pole fir déi 1. Course

© AFP
De Weltmeeschter Max Verstappen ass déi zweetséiersten Zäit gefuer, 3. gouf de Carlos Sainz. De Lewis Hamilton ass iwwerdeems op déi 5. Plaz komm.
E Samschdeg de Mëtteg war d'Qualifikatioun vum Grousse Präis vum Bahrain, der éischter Course vun der neier Saison. Net de Weltmeeschter Max Verstappen (Red Bull) an och net de WM-Zweete Lewis Hamilton starte bei der éischter Course vun der Formel-1-Saison vun der Pole Position. Dës huet sech de Charles Leclerc geséchert. De Ferrari-Pilot huet sech an der Qualifikatioun iwwerraschend virum Verstappen duerchgesat. Drëtten ass de Carlos Sainz um zweete Ferrari ginn. De Lewis Hamilton (Mercedes) huet sech misse mat der fënnefter Plaz zefridde ginn.
Um RTL Play kënnt Dir de Qualifying vum Grousse Präis vum Bahrain am Replay kucken.
Schonn am Q1 war iwwerraschend Schluss fir den Daniel Ricciardo vu McLaren. Nieft dem Australier war et och eriwwer fir de Yuki Tsunoda, den Nichola Latifi a fir béid Fuerer vun Aston Martin, de Lance Stroll an den Nico Hülkenberg. Dee war fir de positiv geteste Sebastian Vettel agesprongen. Déi zwou Beschtzäiten am Q1 waren iwwerdeems vun deenen zwee Ferrari-Fuerer Charles Leclerc a Carlos Sainz gefuer ginn.
Am Q2 ass et dunn net méi weidergaange fir den Zhou Guanyu, den Alex Albon, de Lando Norris, de Mick Schumacher an den Esteban Ocon. Déi séierst Zäit hat elo de Max Verstappen, dat virum Carlos Sainz an dem Charles Leclerc.
Am Q3 konnt de Monegass vu Ferrari sech d'Féierung awer nees zréckerueweren, wouropshin de Max Verstappen net méi erukomm ass. Et ass déi 10. Pole position an der Karriär vum Leclerc. De Carlos Sainz fiert e Sonndeg vun der drëtter Plaz fort, de Sergio Perez vun der 4. Plaz a béid Mercedes-Fuerer Hamilton a Russell vun de Plaze 5 a 9.
Déi éischt Course vun der neier Saison iwwerdroe mir e Sonndeg iwwert de Programm vun RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.