Championstitel fir Anna Zens a Flavio Giannotte

© FLE / Facebook
De Weekend sinn um Lampertsbieg déi nei Lëtzebuerger Championen am Fechte gesicht ginn.
Bei den Häre konnt sech de Flavio Giannotte de Championstitel am Deegen sécheren an huet och d'Competitioun gewonnen. De Valentino Marx aus Däitschland ass deen Zweete ginn. Bei den Damme gouf et och eng Lëtzebuerger Victoire duerch d'Anna Zens. Si huet sech géint d'Palacics Ballester aus Italien duerchgesat.
Am Florett ass de Lëtzebuerger Simon Lindinger op déi éischt Plaz komm an ass domadder och Champion ginn. Déi zweet Plaz war fir den Alexander Bappert aus Däitschland. Bei den Dammen war d'Armandine Charlier aus der Belsch déi Bescht. Mam Evguenia Jeitz war just eng Lëtzebuerger um Depart. Si ass déi Siwent ginn.