Mat engem ugepasste Programm um Sprint-Weekend zu Baku gouf d'Qualifikatioun fir e Sonndeg schonn e Freideg gefuer.

Et war de Q1 vun de roude Fändelen an d'Quali huet méi wéi eng Kéier missten ënnerbrach ginn. Ma zum Schluss hu sech de Zhou (16), Hülkenberg (17), Magnussen (18), Gasly (19) an de Vries (20) net fir den nächsten Tour qualifizéiert. An dësem goung et da fir de Russel (11), Ocon (12), Albon (13), Bottas (14) a Sargeant (15).

Am Q3 hu sech dunn d'Top-10-Piloten ëm déi beschte Positioune fir e Sonndeg gestridden. An hei konnt sech de Ferrari-Pilot Charles Leclerc duerchsetzen, datt virun den zwee Red Bulle vum Max Verstappen a Sergio Perez. Op d'Véier koum den zweete Ferrari vum Carlos Sainz. Dohannert hu sech Hamilton (5), Alonso (6), Norris (7), Tsunoda (8), Stroll (9) a Piastri (10) klasséiert.

E Samschdeg de Moie geet et elo weider mam Shootout, wou d'Startpositiounen fir de Sprint e Samschdeg de Mëtteg determinéiert ginn. E Sonndeg gëtt dann déi eigentlech Course mat der Startopstellung vum Freideg gefuer.