Sergio Perez gewënnt éischte Sprint vun der Saison

© AFP
De Mexikaner ass knapp virum Charles Leclerc an sengem Teamkolleeg Max Verstappen iwwer d'Zillinn gefuer.
Am éischte Sprint vun der Saison 2023 huet sech de Sergio Perez vun der zweeter op déi éischt Plaz no vir geschafft a säin éischte Sprint gewonnen. Dohannert klasséiere sech de Charles Leclerc op Ferrari an den zweete RedBull-Pilot Max Verstappen. Den George Russell placéiert sech als Véierten virum Carlos Sainz an dem Fernando Alonso. De Lewis Hamilton kënnt op Plaz 7 an d'Zil an de leschte Punkt kritt de Lance Stroll op Aston Martin.
Beim neie Format vum Sprint gouf um Samschdegmoien e Shootout gefuer, wou de Monegass sech déi éischt Plaz virum Sergio Perez a Max Verstappen op RedBull geséchert hat.
Kuerz nom Start hat den George Russell de Max Verstappen iwwerholl a sech op Plaz 3 no vir geschafft. De Yuki Tsunoda hat an der éischter Ronn fir e Virtual Safety Car gesuergt, well hien no enger Touchette mat der Mauer e Pneu verluer hat, deen dann op der Pist leie blouf. Well och Stécker um Circuit louchen, hunn d'Fuerer sech uschléissend fir dräi Ronnen hannert dem Safety Car musse versammelen.
Nom Restart huet de Max Verstappen sech seng drëtt Plaz zeréckeruewert. An der aachter Ronn huet de Sergio Perez mat Hëllef vum DRS op der Ligne droite de Leclerc iwwerholl an déi éischt Plaz bis zum Schluss net méi ofginn.
D'Startopstellung fir d'Course um Sonndeg gouf schonn e Freideg fixéiert. Beim véierte Grand-Prix vun der Saison steet de Charles Leclerc virun den zwee RedBull-Pilote Max Verstappen a Sergio Perez op der Pole Position.
D'Course fänkt e Sonndeg um 13 Auer un an Dir kënnt se vun 12.15 Auer un op RTL ZWEE suivéieren.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.