De Verstappen feiert eng souverän Victoire am Sprint

© AFP
Beim FORMULA 1 ROLEX GROSSER PREIS VON ÖSTERREICH 2023 ass um Samschdeg den zweete Sprint vun der Saison gefuer ginn.
Schonn e Samschdeg de Moien ass um Red-Bull-Ring de Shootout gefuer ginn, bei deem de Max Verstappen sech d'Pole Position fir de Sprint virum Sergio Perez an dem Lando Norris séchere konnt.
Hei konnt den Hollänner am Nomëtteg seng Positioun och verdeedegen a soumat eng Victoire am Sprint zu Spielberg feieren, wou kuerz virdrun Reen agesat hat.
De Sergio Perez ass beim Start gutt fortkomm a war kuerzzäiteg op der 1. Plaz, éier de Red-Bull-Pilot nees vu sengem Teamkolleg an dem Nico Hülkenberg op Haas iwwerholl gouf. De Lando Norris ass iwwerdeems vun der 3. Plaz op déi 9. zréckgefall.
Well de Reen dunn e puer Tier viru Schluss opgehalen huet, sinn e puer Piloten an d'Box gefuer, fir hir Intermediates ofzeleeën. Ënner anerem de Lewis Hamilton, den George Russell an den Oscar Piastri konnten domat e puer Plaze guttmaachen, wärend de Charles Leclerc vu Plaz 9 op Plaz 12 zréckfält.
Um Enn setzt de Verstappen sech däitlech viru sengem Coequipier Sergio Perez duerch, wärend de Carlos Sainz op Ferrari virun den Aston-Martin-Piloten Stroll an Alonso iwwer d'Zillinn fiert.
Um RTL Play kënnt Dir de Sprint nach emol am Replay kucken.
D'Course fänkt e Sonndeg um 15 Auer un an Dir kënnt d'Emissioun vu 14.15 Auer un um RTL ZWEE, op RTL.lu an RTL Play suivéieren.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.