E spannende Weekend zu Spa-Francorchamps erwaart

De WM-Leader Max Verstappen / © AFP
An der Formel 1 gëtt de Weekend de Grousse Präis vun der Belsch zu Spa-Francorchamps gefuer.
Doduerch datt et ee Sprint-Weekend ass, gouf d'Qualifikatioun fir d'Course schonn e Freideg gefuer. Séierste war do de Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull. Hie muss awer fënnef Plazen no hannen. Vun de Plazen 1 an 2 starten e Sonndeg de Charles Leclerc op Ferrari an de Sergio Perez op Red Bull. Et kann ee sech eng spannend Course erwaarden.
Spa-Franchorchamps ass all Joer nees eng Iwwerraschungstut. Virun allem d'Wiederkonditiounen an den Ardennen suergen ëmmer nees fir ganz vill Action. Änlech wéi bei eis gesäit et dëse Weekend relativ gro an naass aus, an dat kéint ee groussen Afloss op de Course-Weekend hunn. Dozou vu Spa-Francorchamps, den RTL-Formel-1-Commentateur Tom Hoffmann.
"Haut [Freideg] fisemt et just, mee gëschter [Donneschdeg] huet et riichtera gereent. Fir de ganze Weekend ass Reen gemellt, d'Reen-Warscheinlechkeet läit bei 90%. Haut gesäit et net grad sou desagreabel aus wéi gëschter. Mee virun allem fir de Shootout an de Sprint ass Reen gemellt. Fir d'Course e Sonndeg kéint et dréche sinn. Ob lo do d'Slicks ausgepaakt ginn, dat muss een natierlech kucken. D'Ardennen sinn onberechenbar a sinn ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt."
De Reen mécht de Circuit zu Spa-Francorchamps zu enger richteger Ardennen Achterbunn. Zanter Jore gëtt iwwert d'Sécherheet vun der Piste diskutéiert, net fir d'lescht duerch den déidlechen Accident vum Dilano van’t Hoff an enger Nowuess-Serie viru ronn engem Mount.
"Gëschter hate mir mat der Directrice vum Circuit, der Madamm Vanessa Maes, een Interview. Si sot, mir solle kee Raidillion-Bashing maachen, dat heescht d'Eau Rouge aus der Press eraushalen, datt déi sou geféierlech wier. D'Pilote sinn um Mediendag natierlech och drop ugeschwat ginn an déi hu gesot, datt si der FIA vertrauen, datt si déi richteg Conclusiounen zéien."
Wéinst senger neier Boîte am Auto geet den Hollänner just vun der 6. Plaz aus an d'Course. Mee och esou ee Changement huet de Red-Bull-Pilot och d'lescht Joer an der Belsch net dovun ofgehalen, vu Plaz 14 bis op déi éischte Plaz ze fueren.
E Samschdeg de Moie steet dann um 12 Auer d'Qualifikatioun fir de Sprint, de sougenannte Shootout, um Programm. De Sprint gëtt dann e Samschdeg de Mëtteg um 16 Auer gefuer. E Sonndeg geet et dann um 14 Auer lass mam Virprogramm vun der Course. De Start ass do um 15 Auer. Um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play kënnt Dir wéi gewinnt live mat dobäi sinn.