Max Verstappen start vun der Pole an d'Sprint-Course

© AFP
Beim FORMULA 1 MSC CRUISES BELGIAN GRAND PRIX 2023 gëtt nieft der normaler Course um Sonndeg och nees e Sprint um Samschdeg gefuer.
Um Samschdegmëtte stoung dann awer fir d'éischt de Shootout fir de Sprint am Nomëtteg um Programm. Nodeems de Charles Leclerc e Freideg beim Qualifying vun enger Strof vum Max Verstappen profitéieren a sech domadder d'Pole Position fir d'Course vun e Sonndeg séchere konnt, war et awer e Samschdeg den Hollänner, deen de Shootout fir sech entscheede konnt an domadder als Éischten an d'Sprint-Course goe kann.
Nodeems de Shootout wéinst de schlechte Wiederkonditiounen ëm 35 Minutte verréckelt gouf, konnt den Hollänner am SQ3 vum Shootout op en Néits beweisen, datt hien den Ament de séierste Fuerer am Feld ass. De Piastri ass iwwerdeems op der zweeter Plaz gelant, wougéint de Sainz vun der Startplaz Dräi an d'Sprint-Course goe wäert.
Op enger naasser Pist war am SQ1 scho fir d'Haas-Pilote Magnussen an Hülkenberg souwéi fir béid Pilote vun Alfa Romeo, de Bottas an de Zhou, Schluss. Och den Tsunoda am AlphaTauri gouf schonn am éischten Tour eliminéiert.
Am SQ2 huet de Stroll et op Medium-Pneue probéiert, wougéint de Rescht vum Feld ëmmer nach mat Intermediates ënnerwee war. Dat dëse Choix net dee beschte gewiescht ass, huet de jonke Kanadier spéitstens du bemierkt, wou hien den Auto bäigesat huet. Dowéinst huet den SQ2 och missen ofgebrach ginn. Eliminéiert goufen dunn déi Fuerer, déi virum Crash och schonn eliminéiert gi wieren. Dës waren d'Pilote vun Aston Martin (Alonso a Stroll) souwéi vu Williams (Albon a Sargeant) an och nach de Ricciardo um AlphaTauri.
De Sprint vun e Samschdeg kënnt Dir um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren. Deen ass iwwerdeems net wéi geplangt um 16.30 Auer, mä um 17.05 Auer, well och de Shootout 35 Minutte Verspéidung hat. De Serge Pauly an de Franky Hippert starte mat hirer Emissioun dowéinst och eréischt um 16.30 Auer.
D'Course vun e Sonndeg kënnt Dir iwwerdeems och um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren. Vu 14.00 Auer un, wäerten de Serge Pauly an de Franky Hippert Iech duerch d'Course guidéieren.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.