Den Aston Martin Pilot spiert um Sonndeg de Moien nach d‘Nowéie vum heftegen Aschlag e Samschdeg an der Qualifikatioun.

An der Formel 1 geet de Lance Stroll net un den Depart vum Grousse Präis vun Singapur.

De Fils vum Patron vun der Ecurie war an der leschter Kéier mat iwwer 200 Kilometer an der Stonn an d'Mauer gaangen. De Teamchef Mike Krack huet an engem Communiqué matgedeelt, datt et eng riseg Aufgab fir d'Mecanicienen ass den AMR23 fir d'Course um Sonndeg nees ze flécken, an datt d'Ekipp zesumme mam Pilot decidéiert huet, datt de Stroll sech komplett soll erhuelen, an dann den nächste Weekend beim Grand Prix zu Suzuka a Japan nees an den Auto soll klammen.