De Max Verstappen start beim Sprint vun der 1. Plaz

© AFP
Nieft der normaler Course gëtt beim FORMULA 1 LENOVO UNITED STATES GRAND PRIX 2023 an der Nuecht op e Sonndeg nees ee Sprint gefuer.
Um Samschdeg den Owend eiser Zäit stoung dowéinst awer fir d'Éischt de Shootout um Programm. Beim Qualifying um Freideg den Owend hat iwwerdeems de Charles Leclerc sech d'Pole fir d'Course um Sonndeg séchere kënnen, dat virum Lando Norris an dem Lewis Hamilton.
Am Shootout war et allerdéngs nees de Max Verstappen, deen am SQ3 dee Séierste war an domat am Sprint vun der Pole start. Nieft him geet de Leclerc als Zweeten un den Depart, den Hamilton an den Norris starte vun de Plazen 3 a 4. Verstappen, Leclerc an Hamilton louchen iwwerdeems manner wéi eng Zéngtelssekonn auserneen.
Am SQ1 war iwwerdeems scho Schluss fir de Sargeant op Williams a fir den Tsunoda um AlphaTauri. Och de Bottas (Alfa Romeo) a béid Haas-Pilote Hülkenberg a Magnussen waren no deenen éischten 12 eliminéiert.
Am SQ2 ass da mam Zhou deen zweeten Alfa Romeo-Pilot eliminéiert ginn, genausou wéi mam Ricciardo och deen zweeten AlphaTauri-Pilot de Sprong an den SQ1 verpasst huet. Donieft war Schluss fir den Ocon op Alpine an och fir déi zwee Pilote vun Aston Martin, den Alonso an de Stroll.
Hei kënnt Dir de Shootout nach eng Kéier am Replay kucken.
De Sprint an der Nuecht op e Sonndeg kënnt Dir wéi gewinnt mam Commentaire vum Serge Pauly a vum Fränky Hipppert um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren. Den Ufank vun der Emissioun ass um 23.45 Auer, de Sprint start um 00.00 Auer.
Och d'Course um Sonndeg kënnt Dir um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren. Hei ass de Start vun der Emissioun um 20.30 Auer an den Depart vun der Course ass fir 21 Auer festgeluecht.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.