De Max Verstappen séchert sech d'Pole a Brasilien

© AFP
Iwwerdeems start de Leclerc e Sonndeg vun der zweeter Plaz, wärend béid Aston Martin-Piloten aus der zweeter Startrei un den Depart ginn.
Well zu Interlagos a Brasilien de leschte Sprint vun der Saison um Programm steet, war de Qualifying fir d'Course um Sonndeg nees e Freideg.
Um Autodromo José Carlos Pace, deen nach bis 2030 an der Formel 1 wäert vertruede sinn, konnt de Max Verstappen sech d'Pole sécheren. Well de Q3 wéinst de Wiederkonditiounen huet missen ofgebrach ginn an de Weltmeeschter zu deem Zäitpunkt déi séierste Ronn hat, start hien e Sonndeg vu Plaz 1. Nieft him geet de Leclerc op Ferrari un den Depart, de Stroll an den Alonso op Aston Martin starten aus der zweeter Startrei.
Schonn am Q1 war Schluss fir béid Alfa Romeo-Piloten Bottas an Zhou. Och fir de Sargeant um Williams war de Qualifying eriwwer, genausou wéi fir déi zwee AlphaTauri-Piloten Ricciardo an Tsunoda.
Am Q2 war et dann den Out fir de Magnussen op Haas, dee sech virun engem Joer op deem Circuit d'Pole séchere konnt. Och säin Teamkolleeg Hülkenberg gouf eliminéiert. Béid Alpine-Piloten Gasly an Ocon souwéi den Albon op Williams hunn et och net an de Q3 gepackt.
Hei kënnt Dir Iech de Qualifying nach eng Kéier am Replay ukucken.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.