D’Formel 1 fiert dëse Weekend hire 50. Grand-Prix a Brasilien. De Kontrakt mat São Paulo gouf elo ëm 5 Joer verlängert.

De Grousse Präis vu São Paulo, wéi d’F1-Course a Brasilien zënter 2021 offiziell heescht, hat nach bis 2025 eng sécher Plaz am Kalenner. Dee Kontrakt gouf elo fréizäiteg bis 2030 verlängert. D’Formel 1 lueft an hirem Communiqué, dass d’Stad São Paulo déi lescht Joren de Circuit staark moderniséiert hätt. D’nächst Joer gëtt de São-Paulo-GP vum 1. bis den 3. November gefuer. Viru 50 Joer gouf zu Interlagos den éischte Formel-1-Grand-Prix gefuer. An den 80er Joren ass de Grousse Präis vu Brasilien dunn op de Circuit vu Jacarepagua zu Rio de Janeiro geplënnert, iert d’Course dunn 1990 zeréck an d’Gebuertsstad vum brasilianeschen Nationalheld Ayrton Senna koum. Ofgesi vun der Covid19-Pandémie stoung Interlagos zënterhier onënnerbrach am F1-Kalenner. Zwar gouf et Pläng fir d’Course 2020 erëm op Rio de Janeiro ze verleeën, mee um Enn konnt d’Stad São Paulo sech am internen Duell mat Rio duerchsetzen.