Verstappen op der Pole viru Leclerc a Perez

© AFP
Eng weider Kéier konnt den Hollänner sech an der Qualifikatioun duerchsetzen. Et ass awer seng éischt a Saudiarabien.
Op dëser Streck gouf et en Debut am Ferrari. De jonken Oliver Bearman ass seng éischte Course am Formel-1-Zirkus gefuer, dat als Ersatzmann fir de Carlos Sainz. Den 18 Joer jonke Britt ass iwwregens dee jéngste Pilot, dee jee an engem Ferrari un den Depart gaangen ass.
Op der leschter Plaz beim Depart vun der Course e Samschdeg steet de Zhou um Sauber. De Chinees hat jo säi Won am drëtte Qualifying an d'Mauer gesat a seng Ekipp krut säin Auto 1 Minutt a 50 Sekonne virum Enn vum Q1 nees op d'Streck. Et sollt awer net méi duergoen, fir d'Ronn, fir sech waarmzefueren, virum Schluss vun der Zäit ofzeschléissen, esou datt hie keng Zäit op d'Affiche krut. Mat him sinn de Sargeant (Williams), de Gasly, den Ocon (béid Alpine) an de Bottas (Sauber) eliminéiert ginn.
De Q2 war net laang amgaangen, bis den Hülkenberg (Haas) en technesche Problem hat a säi Gefier ofgestallt huet. Mat engem roude Fändel gouf d'Quali ënnerbrach. No enger kuerzer Paus goufen d'Piloten dunn awer nees op d'Streck geschéckt. Weider goufen de Ricciardo (RB) de Magnussen (Haas), den Albon (Williams) an de Rookie Bearman (Ferrari) eliminéiert.
Am Q3 konnt de Weltmeeschter Max Verstappen (Red Bull) déi séierste Ronn fueren, dat virum Leclerc (Ferrari), deen a leschter Sekonn op d'Zwee gesprongen ass. De Perez (Red Bull) schléisst den Toptrio of. Dohannert kommen dann Alonso (Aston Martin), Piastri an Norris (béid McLaren), Russell an Hamilton (béid Mercedes), Tsunoda (RB) a Stroll (Aston Martin).
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
FORMULA 1 STC SAUDI ARABIAN GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
