Et ass déi 1. Pole fir de Max Verstappen zu Shanghai. De Lewis Hamitlon ass am Q1 erausgeflunn. De Charles Leclerc ass op der 6. Plaz de beschte Ferrari.

Nodeems am freie Moien de Max Verstappen de Sprint virum Lewis Hamilton gewonnen huet, war de Qualifying fir de Britt op Mercedes iwerraschend schon am Q1 eriwer. De 7-fache Weltmeeschter geet e Sonndeg deemno just vun der 18. Plaz an d'Course. D'Pole um Shanghai International Circuit ass fir de Max Verstappen. Déi 4. Plaz ass fir de Lando Norris. Hannendrun steet säin Teamkomerod Oscar Piastri. D'Ferrari-Pilote Chalres Leclerc a Carlos Sainz komme just op d'Plaze 6 a 7.

E Sonndeg de Moie fiert de Logan Sargeant op Williams vun der leschter Plaz fort. Virun him steet de Yuki Tsunoda op Racing Bulls. Nieft dem Lewis Hamilton, deen um Samschdeg de Moien nach op déi zweete Plaz am Sprint gefuer ass, sinn och de Kevin Magnussen op Haas an de Guanyu Zhou op Sauber am Q1 eliminéiert ginn. D'Beschtzäit am Q1 war fir de Max Verstppen virum Lando Norris.

No engem Crash vum Carlos Sainz ass de Q2 tëschenzäitlech ënnerbrach ginn. De Spuenier op Ferrari ass mat sengem Auto ze weit vun der Pist ofkomm an huet d'Kontroll dunn iwwert säin Auto verluer gehat. Et war awer alles net ze schlemm, sou dass de Spuenier no der Ennerbriechung nees weider fueren konnt. Eliminéiert goufen de Pierre Gasly (Alpine), Alexander Albon (Williams), Esteban Ocon (Alpine), Daniel Ricciardo (Racing Bulls) an de Lance Stroll op Aston Martin.

Am Q3 war kee Kraut gewuess géint de Max Verstappen. Hannert dem Hollänner klasséieren sech de Sergio Perez an de Fernando Alonso op Aston Martin. Op de Plaze 4 a 5 komme béid McLaren Pilote Lando Norris an Oscar Piastri. Déi 6. Plaz ass fir de Charles Leclerc virum Carlos Sainz. Hannendrun kommen dann nach de George Russell op Mercedes, de Nico Hülkenberg (Haas) an de Valtteri Bottas um Sauber.

Kuckt d'Qualifikatioun am Replay.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LENOVO CHINESE GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL