Um 1. Mee huet Red Bull offiziell confirméiert, dass hire Chefdesigner Adrian Newey d'Firma Ufank 2025 verléisst.

D'Rumeure sinn net nei. D'lescht Woche hate verschidde Medie gemellt, dass d'Trennung schonn decidéiert wier. Et huet awer nach eng knapp Woch gedauert, bis Red Bull offiziell confirméiert huet, dass den Adrian Newey d'F1-Team verloosse wäert.

De brittesche F1-Designer wäert sech quasi mat "Effet immédiat" aus dem Formel-1-Team vu Red Bull zeréckzéien. Déi nächst Méint soll hie sech ëm déi leschte Preparatioune vum Stroossen-Hypersportswon RB17 këmmeren. Am éischte Quartal 2025 soll den Newey Red Bull da komplett verloossen.

Den Datum vun dëser Pressemeldung verwonnert e bëssen. Den 1. Mee ass nämlech den 30. Doudesdag vum Ayrton Senna. Insider haten éischter domadder gerechent, dass Red Bull eréischt en Dag duerno kommunizéiert. Mee an der internationaler Press gouf esouvill iwwert dës Trennung spekuléiert, dass d'Team aus Milton Keynes wuel net méi laang waarde wollt.

Gazzetta dello Sport: Newey 2025 bei Ferrari?

Esou wëllt déi italienesch Gazzetto dello Sport an hirer Editioun vun haut wëssen, dass den Adrian Newey drop an drun ass, ee Kontrakt mat Ferrari z'ënnerschreiwen. Esou hätt de Ferrari-Teamchef Frédéric Vasseur kuerzfristeg säin Deplacement op de Miami-GP annuléiert. Amplaz an d'USA wär de Vasseur op London geflunn, fir sech do mam Newey ze treffen.

Déi italieenesch Journaliste spekuléiere weider, dass den Newey no sengem Red-Bull-Exit fräi ass, an deemno direkt bei Ferrari um Auto fir 2026 schaffe kéint. Fir 2026 ginn d'F1-Reegele grondleeënd iwwerschafft. Den Know-How vum Adrian Newey, dee wéi keen aneren d'Komplexitéit vun engem F1-Auto versteet, wär fir d'Scuderia en enorme Gewënn.