Den 18 Joer jonke Pilot, deen aktuell an der Formel 2 ënnerwee ass, huet de Sprong relativ séier an Kinneksklass vum Automobilsport gepackt.

Den Kimi Antonelli fiert nächst Saison un der Säit vum George Russell fir Mercedes. Dat huet d’Ecurie e Samschdeg annoncéiert. Den Italiener, deen dësen Mount seng 18 Joer gefeiert huet, iwwerhëlt domat de Cockpit vum Lewis Hamilton. 
 
"Et ass e fantastescht Gefill, fir 2025 als Mercedes-Wierkspilot un der Säit vum George un den Depart ze goen. An d'Formel 1 ze kommen, ass en Dram, deen ech Säit menger Kandheet hunn. Ech wëll der ganzer Ekipp Merci soe fir déi Ënnerstëtzung, déi ech kritt hunn, an d’Vertrauen, dat si weider a mech hunn", esou den Kimi Antonelli an enger éischter Reaktioun.
 
Aktuell ass hien nach an der Formel 2 ënnerwee. Do stoung hien an dëser Saison bis dato zwee Mol ganz uewen um Podium an ass, virun Monza, deen 7. am Klassement.
 
No Succèsen am Kartsport, dorënner Titelen an der FIA Kart-Europameeschterschaft an der WSK Euro Series, ass Karriär am Formelsport weidergaangen. Am Joer 2022 huet hien ADAC F4-Meschterschaft gewonnen. 
 
Dësen Weekend war hien och am Kader vum Grousse Präis vun Italien am éischte fräien Training am Asaz. Allerdéngs huet säin Optrëtt just 10 Minutte gedauert, ier hien den W15 an der Parabolica verluer hat.
 
Den Toto Wolff sot doropshin an der Pressekonferenz vun den Teamcheffen. "Et ass méi einfach, hien ze bremsen, wéi hie séier ze maachen."
 
Mam Andrea Kimi Antonello, wat de kompletten Numm vum Mercedes Pilot ass, an dem George Russell, ginn déi nächst Saison zwee Piloten aus dem Nowuesprogramm vun Mercedes un den Depart.
 
Dës Nouvelle bedeit, dass elo just nach 2 Cockpits fir déi nächst Saison fräi sinn. Ee bei Racing Bulls an ee bei Sauber.

RTL