Nieft dem Britt steet den Oscar Piastri beim Grousse Präis vun Italien an der 1. Rei. De Max Verstappen koum op déi 7. Plaz.

McLaren war am Qualifying zu Monza gutt ënnerwee. Mam Lando Norris an Oscar Piastri sinn déi zwee Mclaren-Piloten am P3 déi zwou séierst Zäite gefuer. Den George Russell op Mercedes huet sech a senger leschter Ronn op déi 3. Plaz verbessert. De Charles Leclerc an de Carlos Sainz op Ferrari gi vun de Plaze 4 a 5 an d'Course. Fir Red Bull ass de Qualifying éischter enttäuschend verlaf. Da Max Verstappen koum hannert dem Hamilton op déi 7. Plaz. De Sergio Perez gouf den 8..

Am P2 haten d'Alpine-Piloten Ocon a Gasly keng gutt Ronn erwëscht a sinn net an de P3 komm. Fir de Ricciardo an de Magnussen war et och den Out. Den Alonso hat Pech an huet de nächsten Tour just ëm eng Honnertstel verpasst.

Am P1 war de Norris dee Séiersten. De Sainz op Ferrari hat kuerz Problemer, well e kuerz op de Kräsi gefuer war. Den Out war et nom P1 fir d'Sauber-Pilote Bottas an Zhou. Och de Stroll am Aston Martin, den Tsunoda am RB an den neie Williams-Pilot Colapinto hunn et net an de P2 gepackt.

Dir kënnt d'Course e Sonndeg wéi gewinnt op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play suivéieren. De Start vum Grousse Präis vun Italien ass um 15 Auer.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 PIRELLI GRAN PREMIO D’ITALIA 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL