Ferrari feiert duerch 1-Stopp-Strategie Heemvictoire
De Charles Leclerc gewënnt d'Ferrari-Heemspill zu Monza a feiert eng zweet Victoire an dëser Saison. D'Plazen 2 an 3 si fir McLaren.
D'Tifosi waren aus dem Haischen, wéi si d'Victoire vum Charles Leclerc am Autodromo di Monza feiere konnten. Ferrari hat McLaren mat enger Ee-Stopp-Strategie iwwerrascht. Den Oscar Piastri gouf Zweeten, viru sengem Teamkolleeg Lando Norris. De Carlos Sainz huet dat gutt Resultat vu Ferrari mat der 4. Plaz ofgeronnt. Red Bull hat an der Persoun vum Verstappen näischt ze radetten. Hie reit sech tëscht den zwee Mercedes-Piloten Hamilton a Russell als 6. an.
De Lando Norris war als Polesetter an d'Course gaangen, huet dës Positioun awer schonn an der zweeter Schikan u säi Coequipier Piastri mussen ofginn a gouf uschléissend nach vum Charles Leclerc iwwerholl. Soumat huet sech de Britt no den éischte Kilometer op der 3. Plaz erëmfonnt. Den George Russell huet e bessert Resultat direkt um Start leie gelooss, wéi hien an der éischter Schikan eng Sortie hat a sech de Frontflillek ramponéiert huet. Hie gouf um Enn de 7.
Wärend McLaren wéi all déi aner Ekippen op enger Zwee-Stopp-Strategie war, huet sech Ferrari dofir decidéiert, just eng Kéier an d'Boxegaass ze fueren. Dat war den decisive Coup, fir déi éischt Heemvictoire zënter 2019 ze feieren, wéi och de Monegass als Éischten iwwer d'Zillinn gefuer war. Um Enn waren d'Pneue vum Ferrari wuel net méi déi bescht, mee et goung duer, dass d'McLaren-Piloten net méi erukoumen.
Am Generalklassement verkierzt de Lando Norris (241 Punkten) de Réckstand op de Max Verstappen (303) op 62 Punkten, mee vun hanne kënnt de Charles Leclerc nees méi no erun. De Monegass huet elo 217 Punkten. An der Constructeurswäertung leie just nach 8 Punkten tëscht Red Bull (446 Punkten) a McLaren (438), och hei ass Ferrari mat 407 Punkten a Lauerstellung.
No der Course hunn d'Rennkommissaren decidéiert, dass de Kevin Magnussen an zwou Wochen zu Baku aussetze muss. Wéinst enger Attack géint den Alpine-Pilot Pierre Gasly krut hien net nëmmen eng 10-Sekonne-Strof, mee och zwee Strofpunkten. Hien huet domadder de Maximum vun 12 Strofpunkten erreecht, wat eng Spär fir eng Course mat sech bréngt. Haas muss fir Baku deemno en Ersatzpilot sichen.
FORMULA 1 PIRELLI GRAN PREMIO D’ITALIA 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
