Fir eng grouss Iwwerraschung um Grousse Präis vun Italien, hat de Charles Leclerc e Sonndeg gesuergt. Mat deem Succès haten déi mannst gerechent.

Charles Leclerc, de Pneue-Flüsterer / Reportage: Franky Hippert

An der Formel 1 war e Sonndeg e groussen Dag fir alleguerten d'Supporter vu Ferrari. De Charles Leclerc huet déi déck Iwwerraschung fäerdegbruecht, fir no 53 Tier beim Grousse Präis vun Italien als éischten de schwaarz-wäiss-karéierte Fändel gewisen ze kréien.

Fir d'Tifosi war et no der Arrivée vum Charles Leclerc wéi wann Ouschteren a Chrëschtdag um nämmlechten Dag wären. Spéitstens wéi d'italieenesch Nationalhymn, Fratelli d'Italia, um Autodromo Nazionale vun den 120.000 frenetesche Fans vun der Scuderia ugestëmmt gouf, war kloer: Ferrari an der Formel 1 zu Monza ass méi wéi Relioun. An dobäi war u sech McLaren als Favorit mat de Pilote Lando Norris an Oscar Piastri an d'Course gaangen. Och wann de 26 Joer ale Monegass virun enger Woch zu Zandvoort an Holland als drëtte schonn op de Podium koum, hate wuel déi mannst domat gerechent, datt et lo beim Heemspill souguer fir déi iewescht Träppche géif duergoen. Fir den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl gëtt et een Haaptgrond fir dës onerwaarte Victoire vum Charles Leclerc:

"Dat ass eng Masterclass am Tire-Management gewiescht. De Leclerc, respektiv Ferrari, hu kënnen hir Pneue vill méi laang um Liewen halen. McLaren huet Problemer gehat mat Graining, wéi vill aner Ecurien och. McLaren hätt guer net kënnen en E-Stopp maachen, well se einfach hir Pneuen ze séier opgebraucht hunn. Ferrari huet et kënnen esou maachen, dass si guer kee bis esou wéineg Graining hat, dass hir Liewensdauer an de Pneuen duergaangen ass, fir en E-Stopp ze maachen. An da muss ee soen, dem Leclerc seng Pace gesäit am Duerchschnëtt net spektakulär aus, mee et muss ee wëssen, dass hir Pneuen, déi herno 23 Ronne méi gefuer hunn, nëmmen 0,4 Sekonnen um Tour méi lues war wéi de Piastri. An dat ass dann doduerch relativ locker duergaangen, fir déi Victoire mat heemzebréngen"

De Charles Leclerc war och dee leschte Ferrari-Pilot, deen zu Monza gewonnen hat, dat war 2019. Dës Saison stoung de Monegass och scho mam Grousse Präis vu Monaco, déi éischte Kéier a senger Karriär bei sengem Heem-Grand Prix ganz uewen um Podium. Dat nächst grousst Zil vum Charles Leclerc ass fir lo an Zukunft och eng Kéier d'Weltmeeschterschaft bei de Piloten ze gewannen.